Interview mam Här Kulturminister Eric Thill
D’Lëtzebuerger Sprooch ass e wichtegen Deel vun eiser kultureller Identitéit. Wéi eng Roll kënnen d’Gemenge spillen, fir d’Lëtzebuergescht am Alldag weider ze stäerken, ouni dobäi de méisproochegen a multikulturelle Charakter vun eisem Land aus den Aen ze verléieren? De leschten Deel vun Ärer Fro bréngt eis Approche ganz gutt op de Punkt. Eis Politik huet als Zil, d’Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken, hir méi Visibilitéit ze ginn an hir Weiderentwécklung ze …