Interview mam Här Kulturminister Eric Thill

Eric Thill

D’Lëtzebuerger Sprooch ass e wichtegen Deel vun eiser kultureller Identitéit. Wéi eng Roll kënnen d’Gemenge spillen, fir d’Lëtzebuergescht am Alldag weider ze stäerken, ouni dobäi de méisproochegen a multikulturelle Charakter vun eisem Land aus den Aen ze verléieren?

De leschten Deel vun Ärer Fro bréngt eis Approche ganz gutt op de Punkt. Eis Politik huet als Zil, d’Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken, hir méi Visibilitéit ze ginn an hir Weiderentwécklung ze fërderen, awer ëmmer am Respekt vun der Méisproochegkeet. Et geet ni drëm, d’Lëtzebuergescht géint aner Sproochen auszespillen. Dës verschidden Dimensioune ergänzen a verstäerke sech géigesäiteg.

D’Lëtzebuerger Sprooch ass en Deel vun eisem Land, eiser Kultur an eiser Identitéit. Si ass e liewegt kulturellt Ierwen, dat d’Leit am Alldag zesummebréngt. An enger Zäit, an där et vill Spannungen an Divisioune gëtt, ass dës Fäegkeet, Verbindungen tëscht de Mënschen ze schafen, besonnesch wichteg.

Et geet ni drëm, d’Lëtzebuergescht géint aner Sproochen auszespillen.

D’Gemenge spillen dobäi eng zentral Roll, well si am direkte Kontakt mat de Bierger sinn. Si kommunizéieren all Dag mat hinnen a kënnen d’Lëtzebuergescht nach méi an hire Servicer an op hire Kommunikatiounsmedie benotzen. Mir hunn e Pilotprojet mat der Gemeng Nidderaanwen duerchgefouert, fir verschidden Initiativen z’entwéckelen, ënner anerem fir méi Inhalter op Lëtzebuergesch op de kommunalen Internetsäiten unzebidden.

Mir stellen och Instrumenter zur Verfügung wéi de Spellchecker, de LOD an digital Léisunge fir Sproocherkennung a Sproochsynthes, also fir geschwate Sprooch an Text ëmzewandelen an ëmgedréint Text a Sprooch (sproochmaschinn.lu). Dës Instrumenter kënnen den Asaz vum Lëtzebuergeschen an der alldeeglecher Aarbecht vun de Gemengeverwaltungen konkret vereinfachen.

D’Gemenge kënnen och duerch Sproochecaféen, Lëtzebuergeschcoursen,Concerten, Liesungen, Theater, Atelieren a vill aner kulturell Aktivitéiten aktiv ginn. Den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch, deen de 26. September op ville Plazen am Land gefeiert gëtt, weist den Interessi vun de Gemengen. Dësen Dag riicht sech u jiddereen: un déi, déi scho Lëtzebuergesch schwätzen, un déi, déi d’Sprooch léieren, an un déi, déi se einfach entdecke wëllen. En ass och an den Europäeschen Dag vun de Sproochen agebonnen, wat d’Verbindung tëscht der Fërderung vum Lëtzebuergeschen an eisem méisproochege Räichtum ganz gutt ënnersträicht.

D’Gemenge sinn dacks den éischte Kontakt vun de Bierger mat der Kultur – iwwer Kulturzentren, Bibliothéiken, Veräiner, Museksschoulen oder lokal Manifestatiounen. Wéi wëllt de Kulturministère d’Zesummenaarbecht mat de Gemenge weider stäerken an d’Kultur op lokalem Niveau ënnerstëtzen?

Fir vill Leit fänkt den Zougang zur Kultur an hirer Gemeng un: an engem Veräin, enger Museksschoul, engem Chouer, enger Theatergrupp, enger Bibliothéik, an den Archiven oder och iwwer dat lokaalt kulturellt Ierwen. D’Gemenge mussen awer gläichzäiteg vill aner Prioritéite geréieren, wéi de Logement, d’Mobilitéit, d’Ëmwelt oder d’Sécherheet. Dofir stinn der Kultur net ëmmer déi néideg Ressourcen oder déi néideg Expertise zur Verfügung. Genee hei wëllt de Ministère d’Gemenge méi staark begleeden.

Mir hunn eng strukturéiert Zesummenaarbecht tëscht dem Ministère, de Kulturinstituter an de Gemengen an d’Weeër geleet. En evolutive „Guide pratique“ mat gudde Praktike gouf ausgeschafft an un déi honnert Gemenge vum Land geschéckt. An dësem Dokument fënnt een déi wichtegst Kontakter, déi verfügbar Expertise, Ënnerstëtzungsméiglechkeeten a finanziell Hëllefen. En informéiert ënner anerem iwwer d’Gesetzgebung am Beräich vun de Bibliothéiken, den 1%-artistique-Dispositif, Subsiden an d’Servicer vun de verschiddene Kulturinstituter. D’Zil ass, datt déi kommunal Verantwortlech déi wichtegst Informatiounen gebündelt / zentréiert op enger eenzeger Plaz fannen.

Den Aktiounsplang fir den Zougang zur Kultur ass eng weider wichteg Achs. En ëmfaasst ënner anerem eng méi gerecht an equlibréiert dezentral Kulturoffer, d’Kommunikatioun an d’Visibilitéit, d‘Digitaliséierung, de Patrimoine, d’kulturell Bildung, d’Mediatioun, de Kulturtourismus an d’Inklusioun. D’Gemenge spillen dobäi eng zentral Roll. Mir sinn am gaangen/wäerten och d’Ausschaffe vu kulturellen Entwécklungspläng finanziell ënnerstëtzen. Verschidde Stied a Gemengen hunn esou Pläng schonn. Fir méi kleng Gemengen ass eng interkommunal oder kantonal Approche dacks méi sënnvoll. Am November wäerte mir d’Gemengen geziilt iwwert eng Circulaire doriwwer informéieren.

Vun 2027 u plange mir zousätzlech e Pilotprojet mat zwee Kulturkoordinatoren. Hir Missioun wäert et sinn, fir regional all d’Kulturacteuren mateneen ze vernetzen. Déi professionnel Kulturhaiser, d’Kënschtlerinnen an d’Kënschtler, de kulturelle Benevolat mee natirlechoch d’Gemengen fir si bei der Ëmsetzung vun hirer Kulturpolitik an hire kulturellen Entwécklungspläng ze begleeden. De Ministère wëllt am Kader vun dësem Pilotprojet de gréissten Deel vun der Finanzéierung iwwerhuelen.

Parallel dozou schaffe mir un de Gemengenarchiven, un der Accessibilitéit vun den Infrastrukturen an un der digitaler Valoriséierung vum Patrimoine. D’Beispill vum Helperknapp, wou no der Gemengefusioun en Inventaire vum architektonesche Patrimoine gemaach gouf, weist ganz gutt, wéi wichteg et ass, dës Spuere vun eiser Geschicht ze dokumentéieren, ze erhalen a weiderzeginn, an dobäi gläichzäiteg de Gebaier d’Méiglechkeet ze ginn, sech un déi haiteg Besoinen unzepassen.

Den Zougang zur Kultur ass net iwwerall am Land dee selwechten. Wéi kënne mir dofir suergen, datt och Leit, déi an enger klenger oder méi ländlecher Gemeng wunnen, vun enger räicher an attraktiver kultureller Offer profitéiere kënnen?

D’Kulturpolitik däerf net un de Grenze vun der Haaptstad oder vun de grousse Stied ophalen. Eng Persoun, déi an enger klenger Gemeng wunnt, muss och vun enger qualitativ héichwäerteger Offer profitéiere kënnen. Déi regional Zesummenaarbecht ass dofir fundamental.

Net all Gemeng kann eleng e grousse Kulturzentrum, eng grouss Bibliothéik oder en eegene Kulturkoordinator hunn. Mee verschidde Gemenge kënnen hir Mëttelen zesummeleeën, eng gemeinsam Visioun entwéckelen an zesummen eng kohärent kulturell Programmatioun organiséieren.

D’Kulturpolitik däerf net un de Grenze vun der Haaptstad oder vun de grousse Stied ophalen.

D’Kulturkoordinatoren, déi interkommunal kulturell Entwécklungspläng an eng méi enk Zesummenaarbecht mat de Kulturhaiser sollen zu dëser Dynamik bäidroen. De Portal culture.lu spillt och eng wichteg Roll: En zentraliséiert den Agenda vun de Manifestatiounen a mécht déi kulturell Offer an alle Regioune méi siichtbar. Kommunikatioun an Informatioun sinn entscheedend, well eng kulturell Aktivitéit hire Public nëmmen erreeche kann, wann d’Leit wëssen, datt se existéiert. Et ass och wichteg ze betounen, datt Kultur sech net op déi grouss Institutioune limitéiert. Si lieft an de Museksschoulen, de Veräiner, de Chéier, den Theatergruppen, den traditionelle Fester an am immaterielle Patrimoine. Dës Aktivitéite si grad an den Dierfer an an de ländleche Regiounen dacks ganz staark verankert.

D’Roll vum Staat ass et, si besser z’ënnerstëtzen, déi bestoend Netzwierker ze stäerken an déi physesch, finanziell oder digital Barrièren ofzebauen, déi den Zougang zur Kultur nach ëmmer aschränke kënnen.

D’Kultur an d’Lëtzebuerger Sprooch kënnen eng wichteg Roll bei der Integratioun an dem sozialen Zesummenhalt spillen. Wéi kënne besonnesch déi jonk Generatiounen an nei Residenten dozou encouragéiert ginn, d’Lëtzebuerger Kultur an d’Sprooch ze entdecken, ze benotzen a mat Liewen ze fëllen?

D’Kultur bréngt d’Leit zesummen, egal ob bei engem Concert, engem Theaterstéck, engem Film, enger Liesung oder enger Aktivitéit an engem Veräin. D’Gemengen hunn eng besonnesch Verantwortung, wann si nei Awunner empfänken: Si kënnen hinnen déi lokal kulturell Offer, d’Veräiner, d’Sproochecoursen an d’Méiglechkeete fir sech ze bedeelegen, virstellen.

Mir denken iwwer e kulturelle Wëllkommenspak no, an deem praktesch Informatiounen, Broschüren an Invitatioune kéinte gesammelt ginn, fir d’Institutiounen an d’Manifestatiounen ze entdecken. Och d’Wëllkommensversammlungen, déi vun de Gemengen organiséiert ginn, sinn eng ideal Geleeënheet, fir déi kulturell a sportlech Veräiner virzestellen an en éischte Kontakt ze schafen. Sproochecaféen, Lëtzebuergeschcoursen a kulturell Aktivitéite maachen et méiglech, ouni Angscht ze léieren a gläichzäiteg aner Leit kennenzeléieren. Eis politesch Verantwortung ass et, d’Informatioun an d’Offer esou einfach an accessibel wéi méiglech ze maachen.

Jidderee soll kënne matmaachen, onofhängeg vu senger Hierkonft, senger Sprooch, senger finanzieller Situatioun oder senger Relioun. Duerno bleift et jidderengem fräigestallt, un deenen Aktivitéiten deelzehuelen, déi hie selwer auswielt.

D’Lëtzebuerger Kultur an hir Kënschtler sinn ëmmer méi iwwer eis Grenzen eraus präsent – am Film, an der Musek, an der Literatur, an der visueller Konscht oder an der Bühnekonscht. Wéi kann dës international Präsenz weider gestäerkt ginn, a wéi kënnen d’Kënschtler an d’Kulturinstitutiounen nach besser international begleet ginn?

De Beruff vum Kënschtler bleift usprochsvoll. Déi éischt Aufgab vun der Kulturpolitik ass et dofir, e Kader ze schafen, deen et de Kënschtler an de Kulturprofessionellen erlaabt, sech méi staark op hir Aarbecht ze konzentréieren. Dat verlaangt eng méi zolidd finanziell Basis, e passenden Artiste-Statut, Hëllefen a schwierege Perioden an Dispositiffer, déi d’Schafen an déi international Mobilitéit vereinfachen.

D’Kënschtler brauchen och Plaze fir ze schaffen an ze kreéieren. Mir hunn grouss Institutioune wéi d’Philharmonie, d’Rockhal oder d’Theateren, mee mir brauchen och Aarbechts- a Kreatiounsraim, déi iwwer dat ganzt Land verdeelt sinn. Mir sinn dofir mat verschiddene Gemengen am Gespréich, ënner anerem am Norden, am Osten an an der Nordstad, fir Infrastrukturen z’entwéckelen, an deenen d’Kënschtler ënner gudde Konditioune schaffe kënnen. Esou Plaze bréngen d’Kënschtler och méi no bei d’Awunner a stäerken d’kulturellt Liewen an de Regiounen.

Déi international Präsenz vun der Lëtzebuerger Kultur huet sech an de leschten zwanzeg bis fënnefanzwanzeg Joer däitlech entwéckelt. Mir sinn um Festival vu Cannes, op der Berlinale, op der Mostra an der Biennale zu Venedeg, bei de Rencontres d’Arles oder och um Festival d’Avignon vertrueden. Dat si wichteg Rendez-vousen, déi eise Kënschtler a Kulturschaffenden international Visibilitéit ginn.

Kultur | Lx spillt an deem Kontext eng zentral Roll als Agence fir d’Promotioun an d’Begleedung vun der Lëtzebuerger Kultur am Ausland. Fir e klengt Land mat ronn 700.000 Awunner ass déi international Ouverture onverzichtbar. Wann e Kënschtler dat wëllt, musse mir him hëllefen, e Public iwwer eis Grenzen eraus ze fannen.

Och déi national Präisser droen zu dëser Unerkennung bäi: de Lëtzebuerger Filmpräis, d’Luxembourg Music Awards, de Lëtzebuerger Präis fir d’Bühnekonscht, d’Auszeechnungen am Beräich vun der Architektur an d’Literaturpräisser, wéi de Batty-Weber-Präis an de Servais-Präis, ginn de Kulturschaffende méi Visibilitéit a valoriséieren hir Aarbecht.

Schlussendlech ass och déi kulturell Bildung an de Schoulen an an de Lycéeën essentiell, fir de Public vu muer ze bilden an d’Plaz vun der Kultur an eiser Gesellschaft dauerhaft ze stäerken.

Lire sur le même sujet: