Fairtrade Gemeng Programm & SDG’s*

Eng Deadline: 2030. Een Zil: déi 17 Nohaltegkeetsziler (SDG’s) vun de Vereenten Natiounen bis dohin erreechen. Ee Mëttel zum Zil: de Fairtrade Gemeng Programm. Wéi dréit de fairen Handel – an iwwert hien, d’Fairtrade Gemengen – zu de 17 Ziler bäi? En Abléck dozou mat der ONG Fairtrade Lëtzebuerg.

 

Déi 3 Saile vun der nohalteger Entwécklung

De Fairtrade System ass eng Alternativ zum aktuelle Welthandel a baséiert op den 3 Saile vun der nohalteger Entwécklung. Hie leet systematesch wirtschaftlech, sozial an ökologesch Krittäre fest fir d’Hirstellung vun de Produkter a sëtzt d’Mënschen an de Mëttelpunkt vum Handel. Zil ass de klenge Produzenten aus Afrika, Asien a Latäinamerika d’Mëttel ze ginn sech selbstänneg ze entwéckelen.

Hei am Land setzt sech d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg fir de fairen Handel an. Iwwer verschidde Partner Programme gëtt d’Reechwäit vum fairen Handel gestäerkt. Esou de Partnerprogramm «Fairtrade Gemeng», eng Auszeechnung fir Gemengen déi sech fir de fairen Handel asetzen.

 

Participativ a solidär – Missioune vun enger Fairtrade Gemeng

Eng Fairtrade Gemeng ass eng Gemeng déi sech entscheet huet, bei all Geleeënheet Produkter mam Fairtrade Label unzebidden an ze konsuméieren, déi international Zertifizéierung déi de klenge Produzenten aus Afrika, Asien a Latäinamerika e fairen Handel garantéiert. Doriwwer eraus steet eng Sensibiliséierung vun allen Akteuren aus der Gemeng am Mëttelpunkt vun enger Fairtrade Gemeng.

Fir dass de Programm en Erfolleg ass an den Titel ze erhalen, ass d’Bedeelegung vun de lokale Gemengenakteure gefrot an e kollektiv Engagement. Politiker, Geschäftsleit, Aarbechter, Léierpersonal, Studenten, Schüler, Konsumenten… jidderee soll dozou bäidroe fair gehandelt Produkter ze notzen.

 

17 Ziler fir eng méi nohalteg Welt

Bis 2030 soll déi nohalteg Entwécklung vun alle Natiounen duerch déi 17 SDG’s, déi 2015 vun de Vereenten Natioune festgehale goufen, a grousse Schrëtt weider kommen. E politesche Kader dee geduecht ass ons Welt um sozialen, wirtschaftlechen an ökologesche Plang méi nohalteg a gerecht ze maachen.

D’Aarbecht vu Fairtrade stëmmt mam Gesamtkonzept vun de 17 UN-Nohaltegkeets-Ziler iwwereneen an d’Auswierkung vum fairen Handel weist sech besonnesch am Kader vun den Ziler 2, 8, 12 a 17.

Iwwer déi verschidde Missiounen déi festgeluecht sinn an de 5 Krittären déi eng Fairtrade Gemeng erfëlle muss, droen déi 31 Fairtrade Gemengen am Land – zesumme mat den iwwer 2 100 Fairtrade Towns uechter d’ganz Welt – esou aktiv zur Ëmsetzung vun deene 4 Nohaltegkeetsziler bäi.

 

Méi Informatioun: www.fairtradegemeng.lu

 

Légende photo : Déi dreiwend Kraaft fir de fairen Handel ëmmer weider ze entwéckelen an enger Fairtrade Gemeng: déi lokal Fairtrade Aktiounsgruppen, mat der Ënnerstëtzung vun der Verwaltung.

 

*United Nations Sustainable development goals = Nohaltegkeetsziler vun de Vereenten Natiounen

 

Lire sur le même sujet: