Gemeng Helperknapp: zesumme wuessen, nohalteg an d’Zukunft investéieren

Eng Gemeng, wou Liewensqualitéit, nohalteg Entwécklung an Investitiounen Hand an Hand ginn. Zënter der Fusioun huet Helperknapp sech konsequent weiderentwéckelt an investéiert haut a Schoulinfrastrukturen, Kannerbetreiung, Gesondheet, Wunnraum, Sport a sozial Projeten. Gläichzäiteg setzt d’Gemeng staark Akzenter beim Klima- an Naturpakt bei erneierbaren Energien an der Konformitéit vun den ëffentleche Gebaier. Mat engem Masterplang als roude Fuedem an dem Wëllen, gesond Finanzen ze erhalen, wëll d’Gemeng Helperknapp seng ländlech Identitéit a seng héich Liewensqualitéit bewaachen an dobäi nohalteg an d’Zukunft investéieren. Am Gespréich mam Paul Mangen, Buergermeeschter.

 

Här Mangen, wat sinn haut déi wichtegst Projeten an Investitioune vun der Gemeng Helperknapp, a wou leien Är Prioritéite fir déi nächst Joren?

Mir hunn an de kommende Joren eng Rei wichteg Investitioune virun eis. Eng Prioritéit ass d’Betreiung an d’Bildung vun eise Kanner. Zu Béiwen-Atert entsteet eng nei Crèche « Bei de Waldwiichtelcher » fir 88 Kanner, an och de Campus Helperknapp zu Bruch soll weider ausgebaut ginn.

E weidere Schwéierpunkt ass d’Gesondheetsversuergung. Zu Téinten ass en neie medezineschen Zentrum (Maison médicale mat 4 Dokteren)  mat enger Apdikt geplangt. Domat wëlle mir de Bierger eng gutt medezinesch Versuergung direkt an eiser Gemeng ubidden. Och de Wunnraum zu abordabele Präisser ass fir eis wichteg. Zu Béiwen-Atert sinn zwou Residenze fir Logementer zu moderéierte Käschte virgesinn, awer och Studente-Wunnengen. Donieft investéiere mir konsequent an d’Konformitéit an d’energeetesch Verbesserung vun eise kommunale Gebaier, an erneierbar Energien an an d’Ziler vun eisem Klima- an Naturpakt. Et geet eis drëm, haut ze investéieren an dobäi ëmmer och un déi nächst Generatiounen ze denken.

 

Als ländlech Gemeng ass et Iech wichteg, déi héich Liewensqualitéit ze erhalen, an awer op nei Besoinen an de Beräicher Wunnen, Mobilitéit, Bildung a Servicer ze reagéieren. Wéi gitt Dir dës Erausfuerderung un, fir e gudden Equiliber ze fannen?

Dat ass eng vun eise groussen Aufgaben. Mir wëllen d’Gemeng Helperknapp weiderentwéckelen, ouni de Charakter an d’Liewensqualitéit ze verléieren. Dofir investéiere mir net nëmmen a Gebaier, mee och an d’soziaalt an d’gesellschaftlecht Zesummeliewen. 

Déi fréier Molkerei zu Bruch gëtt renovéiert a soll an Zukunft ënner anerem e Raum fir eis Jugend bidden. 

Zu Bëschdref gëtt d’Gebai „A Kanesch“ ëmgebaut, fir d’Integratioun vu Mënsche mat enger Behënnerung an den Aarbechtsprozess ze ënnerstëtzen. Och eis kulturell, sportlech a gesellschaftlech Infrastrukture spillen eng wichteg Roll.

Mir sinn ausserdeem an der Waasserversuergung total autonom. Dat alles dréit dozou bäi, datt d’Leit sech an der Gemeng Helperknapp wuel fillen an hei gutt liewe kënnen.

 

Nieft deene grousse Projeten, déi Dir elo genannt hutt: Kënnt Dir eis nach e puer aner wichteg Chantieren opzielen, déi d’Gemeng Helperknapp an den nächste Jore realiséiere wëll?

Natierlech. Mir hunn eng ganz Rei vu weidere Projeten um Programm. Dozou gehéieren d’Erweiderung vum Gemengenhaus zu Téinten, d’Erweiderung  a Zentraliséierung vum technesche Service mat engem neien Hangar, d’Renovatioun vum Kulturzentrum Koschteschbau zu Téinten, en neie Kulturzentrum zu Béiwen-Atert, d’Ariichtung vun engem Bëschkierfecht zu Bruch an engem Bëschchalet zu Huelmes. Zu Béiwen-Atert ass och en neien Interventiounszentrum fir de CGDIS virgesinn. Donieft investéiere mir weider an d’Stroossen an d’Kanalisatioun, an d’Spillplazen an ëffentlech Plazen ganz wichteg och  an d’Moderniséierung vun eise kommunalen Infrastrukturen. Zu Bruch ass och eng nei Drénkwaasserreserve virgesinn. Dës Investitioun ass wichteg, fir eis Autonomie an der Waasserversuergung och laangfristeg ofzesécheren. All dës Projeten hunn ee gemeinsaamt Zil: d’Liewensqualitéit an allen Uertschaften vun der Gemeng ze verbesseren.

 

Wann Dir Iech d’Gemeng Helperknapp am Joer 2030 virstellt: Wéi soll d’Gemeng sech bis dohinner entwéckelen, a wat sinn déi grouss Erausfuerderungen, déi Dir bis dohi wëllt ugoen?

Eise Masterplang ass de roude Fuedem fir d’Entwécklung vun der Gemeng. Mir wëllen eis Projeten no enger kloer definéierter Strategie ëmsetzen a gläichzäiteg drop oppassen, datt eis Gemengefinanze gesond bleiwen. Dat ass wichteg, well mir och an Zukunft déi Investitioune musse kënne maachen, déi sech imposéieren.

Ee weidere grousse Projet ass d’Schafe vun engem neie Sportkomplex. Mäi Wonsch an Dram wier et och, datt eis zwee Fussballveräiner sech kéinten zesummendoen, fir esou d’Viraussetzunge fir en neie gemeinsame Stadion ze schafen. Mir hunn haut méi wéi 200 Jonker, déi an eise Fussballveräiner aktiv sinn. Dat weist, wéi wichteg de Sport fir eis Gemeng ass.

Dobäi däerf een och net vergiessen, datt mir 55 Veräiner an der Gemeng hunn. Si sinn e wesentleche Bestanddeel vun eisem gesellschaftleche Liewen. D’Gemeng Helperknapp soll och 2030 eng Gemeng sinn, déi sech entwéckelt an investéiert, awer dobäi mënschlech, ländlech, nohalteg a finanziell gesond bleift. 

Lire sur le même sujet: