Zwou weider Etappen an der Bildungslandschaft

Den 21. Abrëll 2023 konnt d’Gemeng Schëffleng direkt zwou grouss Etappen am Dossier «Bildungslandschaft» feieren.

Zesumme mat de Baubedeelegten an dem Schoulpersonal huet de Schäffen- a Gemengerot de Grondstee vun der Annexe vun der Lydie Schmit Schoul geluecht. An eng selwergemaachen Zäitkapsel goufe personaliséiert Schoulgadgeten, zwou lëtzebuerger Dageszeitungen an d’Deliberatioun vum approuvéierte Projet veréiwegt an dës ass dunn (gutt gefëllt) abetonnéiert ginn. Uschléissend hunn d’Participante sech den impressionante Chantier bannen a baussen ugekuckt a kruten Erklärungen zum Stand der Dinge.

Dono ass et dunn an d’Rue du Parc gaangen, wou den temporäre Modulbau fir d’Bëschspillschoul offiziell mat authenteschem Gesang ageweit gouf. De Kanner hir Konschtwierker aus Holz, déi schonn am Viraus preparéiert goufen, sinn devoiléiert ginn a verschéineren elo d’Struktur, an där si säit November 2022 Cours hunn.

Zum Schluss vun de Visitten an de Rieden ass dunn op de Patt an der Buvette «Drëtt Halbzäit» an de Centre Sportif invitéiert ginn.

Méi Detailler iwwert d’Bauprojeten fannt Dir an deenen 2 Pressedossieren:

– Annexe école Lydie Schmit

– Structure modulaire Bëschspillschoul

 

Communiqué par l’Administration communale de Schifflange
Photo: ©Administration communale de Schifflange

Lire sur le même sujet: