Wéi steet et mat der Entwécklungszesummenaarbecht an der néier Regierung?

D’Entwécklungshëllef ass e wichtegen Deel vun eiser Aussepolitik an en Instrument fir dem Land senger internationaler Verantwortung nozekommen. Wat kann hei d’Entwécklungshëllef maachen? Wéi dësen Artikel geschriwwe gouf, war nach net kloer wéi déi nei Regierung zesummegestallt géif. En gros waren all Parteie sech eens: Lëtzebuerg geet et (nach) gutt, mee der Welt geet et schlecht. Dofir musse mir méi maachen, well „kee Land ass eng Insel“.

D’CSV, déi Gréng an d’LSAP gesinn an der Entwécklungspolitik weiderhin e wichtege Bestanddeel vun der Aussepolitik, déi duerch Défense, Diplomatie an Developpement Stäerkt weist.

Lëtzebuerg ass haut nach eent vun e puer Länner déi hirem Engagement vun 0,7% vum RNB fir Entwécklungszesummenaarbecht nokommen. Lëtzebuerg iwwertrëfft dat esouguer mat 1% vum RNB an doduerch dass keng Klima- a Flüchtlingskäschten op dësem Budget matgerechent ginn.

D’Pirate verstinn d‘Entwécklungspolitik als e wichtege Katalysater fir Demokratie a Mënscherechter ze promovéieren, a gesinn eng effizient Politik, wéi d’DP, haaptsächlech um Niveau vun der EU.

Déi Lénk weisen dann och drop hin, dass Lëtzebuerg do „als eine kleine Nation einen anderen Weg aufzeigen mit einer internationalen Politik die auf Solidarität beruht.“

Fir eppes ze maachen, war fir d’KPL d’Entwécklungspolitik relativ ineffikass, besonnesch wann et ëm d’Stoppe vun der Migratioun goung: „Die ständig wiederkehrende Behauptung, die „Fluchtursachen bekämpfen“ zu wollen, hat sich als trügerisch herausgestellt, denn mit ihrer Politik der Unterstützung von Ländern und Gruppen […] werden die Ursachen für die Massenflucht noch verstärkt.“

D’ADR gesäit dat ganz anescht: “Ewéi schonn am Kapitel iwwer d’Asylfro, ënnersträicht d’ADR nach eemol, datt d’Kooperationspolitik an déi ekonomesch Zesummenaarbecht méiglech Instrumenter bei der Präventioun oder Gestioun vu Migratiounsbeweegunge si kënnen. »

Vue dass d’Kooperatiouns-Direktioun elo grad eng nei Strategie fir déi nächst 5 Joer ausgeschafft huet, gëtt et sécher programmatesch keng grouss Verännerungen. Mee de Risiko datt den Entwécklungsbudget net awer nach benotzt gëtt fir eng Rei Dossieren ze finanzéieren, vu Migratioun bis Sécherheet, besteet, an esou geef se net méi d‘Länner an hir Populatiounen ënnerstëtzen fir eng besser Zukunft fir hir Jugend ze schafen.

Op www.cercle.lu kënnt dir eis Revendicatiounen un déi nei Regierung am Detail liesen.

Wéi steet et mat der Entwécklungszesummenaarbecht an der néier Regierung?

D’Entwécklungshëllef ass e wichtegen Deel vun eiser Aussepolitik an en Instrument fir dem Land senger internationaler Verantwortung nozekommen. Wat kann hei d’Entwécklungshëllef maachen?

 

Véronique Faber, Cercle de Coopération

Lire sur le même sujet: