Gudden Owend,
Mir sinn haut hei zesumme komm fir d’Remise vun den Diplomer vun den Absolvente vun der Formation spécifique en médecine generale, an ech géif als Gesondheetsministesch gären e puer Wierder un iech all riichten.
D’FSMG spillt zënter hirer Mise en Place am Joer 2004 eng bedeitend Roll fir eis nei Allgemeng-Medeziner hei op Lëtzebuerg ze bréngen. Ech sinn an deem Kontext ganz frou datt mat der Promotioun 2016-2017 fir en 2. Joer hannerteneen zënter dass dës Formatioun en Place gesat gouf,  d’Héchstzuel vu 16 Absolventen erreecht ginn ass.
An ech sinn iwwerzeegt, datt mat der geplangter Erweiderung vun der Ausbildung an der Medezin hei am Land, dës Zuel sech an deene nächste Joren nach wäert verbesseren.
Et ass e Fakt dass mir och weiderhin gutt ausgebilten Allgemeng-Medeziner zu Lëtzebuerg brauchen, an dat aus folgende Grënn:

  1. De Generalist huet en zentrale Stellewäert an der primärer Versuergung vum Patient.

De Generalist, also den Hausdokter, ass effektiv meeschtens déi éischt Kontaktpersoun fir de Patient, an doduerch bedéngt spillt hien eng Schlëssel-Roll bei der medezinescher Versuergung vu ganz villen a ganz ënnerschiddleche Krankheetsbiller.
Sief et andeems hie selwer de Suivi vum Patient assuréiert, sief et als Wäichesteller, andeems hien de Patient bei en aneren spezialiséierte Medeziner iwwerweist.

  1. De Generalist huet ausserdeem eng wichteg Roll an der Patientenversuergung duerch seng Accessibilitéit. Keen aneren Medeziner ass nämlech lokal sou gutt vertruede wéi den Hausdokter.

Fir an Zukunft also d’Zuel vun de Stagiären an der Allgemengmedezin nach ze steigeren, ass et wichteg datt mär niewent der spezifescher Formatioun an der Allgemengmedezin hei zu Lëtzebuerg weiderhin och d’Medezinausbildung um Niveau vun der Grondausbildung ausbauen.
Fir de Studenten de Medezinsstudium hei am Land also méi zougänglech ze maachen, huet d’Regierung décidéiert fir d’Grondausbildung an der Medezin bei eis  z’erweideren. An Zukunft wäert e Bachelor an der Medezin op der Uni Lëtzebuerg ugebuede ginn.
Nom éischte Joer an der Medezin ass et also dann och méiglech fir dat 2. an 3. Joer am Grand-Duché ze maachen.
Dëse Bachelor ass eng éischt Etapp en vue vun engem komplette Medezinstudium hei am Land!
Geplangt ass och, datt niewent der spézifescher Formatioun an der Allgemengmedezin an Zukunft eng Spezialisatioun an der Oncologie an an der Neurologie ugebueden gëtt.
Mat dësem Oprüsten um Niveau vun der Grondausbildung respektiv de Spezialisatiounen, erwaarden ech mer en erweiderten Interessi vun eise jonken Matbierger um Medezinstudium.
E weidere wichtegen Incentiv a mengen Aan ass d’Upassung vun den Indemnitéiten vun de Stagiären an der Medezin. Dës ginn vun aktuell 2.100€ op 4.000€ am éischte Joer, an 4.800€ am 4. Joer, erop.
Duerch d’Avantage vun dëser Reforme wäerte mir an Zukunft méi Medeziner zu Lëtzebuerg ausbilden. Doduerch droen mir der Medezinpraxis um Terrain mat hiren Erausfuerderungen Rechnung.
D’Erfahrung mat der FSMG huet effektiv bewisen dat eng national Formatioun an der Medezin d’Chance steigert datt d’Studente no der Ausbildung och effektiv zu Lëtzebuerg exerzéieren.
Déi grouss Majoritéit vun deene Studenten vun der FSMG praktizéieren no hirem Ofschloss bei eis am Land.
E weidere Virdeel vun enger erweiderter Medezinsausbildung zu Lëtzebuerg ass d’Promotioun vum Beruff déi een domat erreecht.
Och op deem Punkt ass d’FSMG e Virbild. Zënter hirer Implementatioun ass si nämlech zu engem regelrechten Aushängeschëld ginn fir de Beruff vum Generalist.
No dëse puer Gedanken déi ech wollt mat iech deelen, wëll ech awer elo fir ofzeschléissen och vun der Geleeënheet profitéieren fir all de Leit Merci ze soen ouni déi d’Formation spécifique en médecine générale hei zu Lëtzebuerg net méiglech wier, sief et de Maîtres de stage bei deenen déi zukënfteg Allgemeng Medeziner hir Stage maache kënnen, mee och der Uni Lëtzebuerg déi déi ganz Formatioun encadréiert.
Ech wëll meng Ried dann och elo ofschléissen an deem ech den zukënftegen Allgemeng Medeziner, déi haut den Owend hiren Diplom kréien, gratuléieren zu hirer Leeschtung, an hinnen alles Gutts fir hir professionell an awer och privat Zukunft wënschen. Ech géif si bieden eng Kéier kuerz opzestoen fir dass se e klengen Applaus kréien.
Ech wënschen iech alleguer ganz schéi Feierdeeg an e glécklecht a natierlech gesond neit Joer 2018!
 
Source: gouvernement.lu