Résultats du Concours littéraire national 2017

Le ministère de la Culture a le plaisir d’annoncer que le jury du Concours littéraire national 2017, composé d’Angelika Bräutigam, de Jérôme Jaminet, de Ludivine Jehin, d’Anne-Marie Millim, sous la présidence de Valerija Berdi, vient de primer les recueils de récits suivants:
  • ‘Chamäleons’ de Anja Di Bartolomeo, 1er prix de la catégorie « auteurs adultes »;
  • ‘Volk der Freien’ de Bernd Marcel Gonner, 2e prix de la catégorie « auteurs adultes »;
  • ‘Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen’ de Elise Schmit, 3e prix de la catégorie « auteurs adultes »;
  • Übertragungsneurosen de Claire Schmartz, 1er prix de la catégorie « jeunes auteurs de 15-25 ans ».

Les prix ont été motivés par le jury comme suit:

1er prix de la catégorie « auteurs adultes »: Anja Di Bartolomeo: Chamäleons (langue: allemand)

E Recueil vu Geschichten, déi gutt openeen ofgestëmmt sinn an awer eng aussergewéinlech Diversitéit un Themen opweisen. Originell an iwwerraschend Figuren, mat enger iwwerzeegender Charakteriséierung, déi d’Lieser an hire Bann zéien.
D’Sprooch ass immens präzis, glaskloer a pointéiert, wouduerch d’Personnagen an de Plot nach méi an hirer Besonneschheet erauskristalliséiert ginn. Ganz faszinant sinn déi kleng ageflecht Detailer, déi mol irritéieren, well een net weess, wou et higeet, déi awer zu der Spannung bäidroen an ee reegelrecht an d’Geschicht versenken dinn.
Et si räich Geschichten, et ass vill dran, awer näischt ze vill. Eng Rei originell Clin-d’oeilen a Wuertspiller, Metapheren an Uspillungen. D’Autorin geet awer ganz geschéckt dermat ëm. Alles ass perfekt ausbalancéiert an den ëmmer erëm präsente subtillen an intelligenten Humor gëtt den Erzielungen eng Liichtegkeet, ouni datt dobäi d’Déift verluer geet.

De Stil an d’Dramatik vun den Erzielunge bleiwe permanent op engem héijen Niveau, wat op gutt Schreiffäegkeeten hindeit, an déi onerwaart Open-ends suergen derfir, datt een och nom Liesen nach eng Zäitchen un der Geschicht hänke bleift.
An dee stëmmege Recueil si praktesch keng onangenehm Stolpersteng agebaut an den Opbau vun de Geschichten ass ganz ronn; si paken ee vun Ufank un, sinn iwwerraschend an originell, vum Plot a vum Stil hier.

2e prix de la catégorie « auteurs adultes »: Bernd Marcel Gonner: Volk der Freien (langue: allemand)

E Recueil vun Texter, deen net just inhaltlech, mee virun allem sproochlech besonnesch op sech opmierksam mécht. Déi ausgewielten Erzielstruktur ass komplex, experimentell an onkonventionell, wat de Geschichten eng aussergewéinlech Kraaft gëtt. Déi kryptesch Portaiten an dee villschichtegen Opbau verlaange vill Konzentratioun. D’Diktioun entsprécht der Zäit an dem Raum vun der Zeenerie, wat e mageschen Effekt mat sech bréngt. Eng reng Ästhetik a subtil Poesie, ergräifend Beschreiwungen, duerchwuess mat Literaturzitater a Verweiser op d’Bibel, üben eng grouss Faszinatioun aus.

3e prix de la catégorie « auteurs adultes »: Elise Schmit: Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen (langue: allemand)

Eng Kompositioun aus ënnerschiddleche Stiler mécht dëse Recueil zu enger besonnescher Lektür. Detailléiert an intimistesch Beschreiwunge verweisen op e messerschaarfen Observatiounssënn. Virun allem do, wou d’Sprooch méi kompriméiert ass, iwwerzeegt d’Autorin mat Originalitéit a Finess.
D’Entwécklunge vun den eenzelen Erzielunge sinn uspriechend, well se vill Déift hunn an duerch dee kontrasträichen Opbau an d’Zesummesetzung verweilt een och gäre méi laang bei den eenzele Fragmenter. Leider sinn net all Geschichte vun därselwechter héijer Qualitéit.

1er prix de la catégorie « jeunes auteurs de 15-25 ans »: Claire Schmartz: Übertragungsneurosen (langue: allemand)

Ganz sensibel ginn hei tëschemënschlech Relatiounen thematiséiert. Eng gelonge Charakteriséierung vun de ProtagonistInnen, déi mat vill Empathie duergestallt ginn. De Stil ass ganz knapp, sober an deskriptiv gehalen, wat dem Plot vun den eenzele Geschichten en angenehme Rhythmus gëtt. D’Erzielunge weisen op eng duerchduecht Maturitéit hin, sou datt ee gewëss Stilfeeler verzeie kann. D’Sujete ginn oft mat iwwerraschende Wendungen an originelle Perceptiounen duergestallt, wat fir Spannung an e gudde Flow suergt.

La remise officielle des prix aura lieu le mercredi 6 décembre 2017 à 19 h 30 au Centre national de littérature à Mersch, 2 rue Emmanuel Servais.
Depuis 1978, le ministère de la Culture organise un concours littéraire annuel ayant pour but d’encourager la création littéraire au Grand-Duché de Luxembourg. Chaque année, le Concours littéraire national est réservé à un genre littéraire différent. L’édition 2017 était réservée au recueil de récits en langue luxembourgeoise, française, allemande et/ou anglaise.
Communiqué par le ministère de la Culture