Partenariat tëscht der Schëfflenger Gemeng an SOS Faim: Co-Finanzement a géigesäitege Respekt

Zanter 2015, wou SOS Faim sech zu Schëffleng installéiert hunn, hunn sech hir Relatioune mat der Gemeng lues awer sécher konstruktiv entwéckelt. Laut dem Thierry Defense, Direkter vun SOS Faim, gesäit et aus wéi wann dat sech an noer Zukunft nach wäert intensivéieren.

Mir wëllen ënnersträichen dass de lokale Kontext an d’Initiative vun der Gemeng zu konstruktive Relatiounen gefouert hunn. Schëffleng huet net op SOS Faim gewaart fir eng Politik zu Gonschten vun der Ëmwelt an der internationaler Solidaritéit ze initiéieren. D’Gemeng ass effektiv e Member vum Reseau Klimabündnis an ass och eng Fairtrade Gemeng, an am Joer 2013 huet d’Gemeng “Schëffleng Hëlleft” gegrënnt. Presidéiert vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch, huet d’Associatioun generéis Subsiden u verschidde Lëtzebuerger ONGe ginn.

D’Relatiounen tëscht der Gemeng an SOS Faim hu sech virun allem am Joer 2018, dem 25. Anniversaire vun SOS Faim, intensivéiert. D’Gemeng hat nämlech decidéiert fir ee Partner vun SOS Faim am Burkina Faso finanziell ze ënnerstëtzen: d’ ”Mutuelles de Solidarité” (MUSO). Konkret huet dat geheescht, dass si zwee Subside vu jee 4.500 € kruten, ee vun der Gemeng, an den anere vu “Schëffleng Hëlleft”.

D’MUSO sinn e Reseau vu ganz klenge ländleche Spuerkeesen a Kreditinstituter aus der Regioun Ouahigouya, am Norde vu Burkina Faso. Dank där Ënnerstëtzung hunn sech d’MUSO 2018 staark weiderentwéckelt: hir Unzuel ass vu 583 op 668 geklomme – also em 15% -, an déi gesammelt Erspuernisser sinn em 42% eropgaangen. D’Unzuel vun de Clienten, zu engem groussen Deel Fraen, ass em 20% gewuess. Trotz den Onsécherheeten an der Regioun déi den Développement vun de MUSO affektéieren, entwéckele si sech awer mat vill Succès, zur grousser Satisfaktioun vun hire Membere.

Enn 2018 gouf och eng Ausstellung iwwer d’MUSO am Gemengenhaus gewisen.

Zousätzlech zu dëser Ënnerstëtzung ass d’Gemeng Schëffleng a Gespréicher mat SOS Faim fir d’Kreatioun vun engem Animatiounsespace op hirem Territoire. Et ass nach ze fréi fir an d’Detailer ze goen, mä dëse Projet ass awer d’Resultat vun dem steigende Vertraue vis-à-vis vun SOS Faim. Dëse Partenariat ass nëmme méiglech dank de Fraen a Männer déi di selwecht Wäerter vu Solidaritéit deelen.

 

Weider Informatioune fannt dir:

SOS Faim: www.sosfaim.lu
Gemeng Schëffleng: www.schifflange.lu

 

 

 

 

Lire sur le même sujet: