Nei Sensibiliséirungscampagne „Zesummen ënnerwee“

Mam Zil, fir e respektvollen Ëmgang tëscht de Vëlosfuerer a Foussgänger ze promouvéieren, lancéiert de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten dëse Freideg, de 23. Juli, d’Sensibiliséierungscampagne „Zesummen ënnerwee“.

Zanter dem reegelrechte Vëlos-Boom an der Pandemie a grad während de Summerméint sinn oft Vëlosfuerer a Foussgänger zesummen op deene nämmlechte Weeër ënnerwee.

Am Zentrum vun dëser Campagne steet de géigesäitege respektvollen Ëmgang tëscht Vëlosfuerer a Foussgänger, wou déi zwou Säiten drun erënnert ginn, wéi wichteg et ass, den ëffentleche Raum ze deelen an een op deen aneren opzepassen.

Dës Campagne wëll d’Cyclisten an d‘Foussgänger op d’Wichtegkeet vun einfache Gesten a Praktiken am ëffentleche Raum opmierksam maachen, fir Konflikter am Verkéier ze vermeiden.

Hei sinn eis 10 Tipps fir e respektvollen Ëmgang tëschent Vëlosfuerer a Foussgänger:

  1. Lénks zu Fouss, riets mam Vëlo
  2. Vitesse upassen
  3. Ofstand suergt fir Sécherheet
  4. Schelle virum Iwwerhuelen
  5. Bléckkontakt
  6. Moien a Merci
  7. Richtungswiessel ukënnegen
  8. Haart Musek an Handy vermeiden
  9. Den Hond un d’Léngt
  10. D‘Ëmwelt respektéieren

D’Campagne fänkt dëse Freideg, den 23. Juli 2021 un a gëtt an der Press, op der Televisioun an iwwer e Radiospot diffuséiert. “Zesummen ënnerwee” gëtt och op de sozialen Netzwierker an op de digitale Ecrane am Tram an a de Gemengen deklinéiert fir nach eng Kéier op d’Reegelen opmierksam ze maachen, déi Vëlosfuerer a  Foussgänger respektéiere solle, wann si zesummen ënnerwee sinn.

Méi Informatiounen zu den eenzele Reegele fannt Dir op www.mmtp.lu


New awareness campaign “Together on the road” for a better understanding between cyclists and pedestrians (23.07.2021)

The Ministry of Mobility and Public Works is launching a new awareness campaign named “Together on the road” this Friday, July 23, with the aim to promote a respectful interaction between cyclists and pedestrians.

Since the cycling boom during the pandemic and especially during the summer months, cyclists and pedestrians are often together on the same road.

At the centre of this campaign is the mutual respectful interaction between cyclists and pedestrians, where both sides are reminded of the importance to share public spaces and pay attention to each other.

This campaign aims to make cyclists and pedestrians aware of the significance of simple gestures and practices in public spaces in order to avoid traffic conflicts.

Here are our 10 tips for a respectful interaction between cyclists and pedestrians:

  1. Left on foot, right on bike
  2. Adapt your speed
  3. Distance creates safety
  4. Ring your bell before overtaking
  5. Seek eye contact
  6. Hello and thank you
  7. Announce a change of direction
  8. Avoid loud music and cell phone
  9. Dog on the leash
  10. Respect the environment

The campaign starts this Friday, July 23 2021 and will be broadcast in the press, on television and through a radio spot. “Together on the road” will also be launched on social networks and digital screens on trams and in communes to draw attention to the rules that cyclists and pedestrians should respect when they are together on the road.

Find more information about the individual rules on www.mmtp.lu

 

 

Communiqué par: ministère de la Mobilité et des Travaux publics

Lire sur le même sujet: