En Engagement hei an dohannen

Am Summer 2020 huet de Conseil d’administration vum Cercle de la Coopération sech nei opgestallt an e puer nei Memberen begréisse kënnen. De Ben Toussaint ass een dovuner. Hien ass säit dësem Summer Directeur des Activités vun der ONG OGBL Solidarité syndicale a.s.b.l.

 

Interessi

Ech hunn direkt nom Ofschloss vu mengem Psychologiestudium gemierkt, datt ech am Fong net als Psycholog wëll schaffen. Ech hat d’Gefill, datt deen ze oft dann usätzt, wann de Probleem scho besteet, an ze selten do, wou een de Probleem eventuell verhënnere kéint. Dat ass sëcherlech e bësse simplistesch, mee sou hunn ech dat dee Moment empfonnt. Mat deem Hannergedanken hunn ech dunn e Masterstudium a Mënscherechter absolvéiert, a sinn duerno iwwer Stagë bei der ONGD ASTM a beim Cercle du bei Caritas Lëtzebuerg gelant.

 

Meng Aarbecht

Déi gläicht där vu villen anere Leit zu Lëtzebuerg. Ech verbrénge vill Zäit viru mengem Laptop an a Meetingen. D‘ONG OGBL ass eng relativ kleng ONG an ech sinn deen eenzege bezueltenen Employé am Büro zu Lëtzebuerg. Deementspriechend sinn ech bei der ONG sou bësse fir alles zoustänneg: Projetsdemanden ausschaffen, Rapports annuels schreiwen, d’Finanzen am Bléck behalen, etc. Vun Zäit zu Zäit ginn ech awer och eis Projeten besiche fir de Suivi ze maachen; och wann dat, duerch d‘COVID-Mesurë bedéngt, dëst Joer nach kaum de Fall war.

 

Firwat setz du dech an am Conseil d’administration vum Cercle?

Ech hu scho laang eng Affinitéit fir de Cercle a seng Aarbecht gehat. No engem Stage hunn ech dunn och am Kader vun der lëtzebuergescher EU-Présidence 2015 beim Cercle geschafft. Ech sinn der Meenung datt mer als lëtzebuergesch Zivilgesellschaft och do usetze mussen, wou eis Hiewelwierkung méiglecherweis am beschten ass, an datt ass eben hei. Eis Politik an eis Handlungen hei hunn nämlech duerchaus e groussen Impakt op d’Liewen an den Zillänner vun eiser Entwécklungspolitik. Grad de Volet vun der entwécklungspolitescher Aarbecht kann een do als Cercle vläicht besser ofdecken wéi als eenzel ONGD. Dofir ass et mer wichteg mech och beim Cercle ze engagéieren.

 

Du bass an denger Arbecht sécherlech vill mat Aarmut an Inegalitéit konfrontéiert. Wéi häls du dech do motivéiert fir weiderzeschaffen?

Ech sinn net ëmmer optimistesch datt eis Aarbecht e positiven Impakt huet op d‘Welt, mee ech fannen et ass absolut derwäert et ze probéieren a meng Energie doranner ze investéieren. Dat wäert sech och net änneren am Fall wou d’Aarmut an d’Inegalitéiten op der Welt an Zukunft nach weider sollte ropgoen.

Méi Informatioun  www.cercle.lu an www.ogbl.lu/solidaritesyndicale

Lire sur le même sujet: