Inegalitéiten um Terrain an awer och vun hei aus bekämpfen

D’Florence Burette schafft fir Les Amis du Tibet au Luxembourg zënter 2015. D’Defense vun de Mënscherechter an d’Defense vun der Tibetanescher Kultur ass eng passionant Erausfuerderung.

 

Studium

Fir Englesch ze léieren an eppes vun der Welt ze gesinn, sinn ech nom Lycée 1 Joer a Kanada wunne gaangen. Ech hunn do aner Manéiere kennegeléiert fir ze liewen. Eng Renconter mat indogenen Amerindianer, déi ëm hir Kultur gekämpft hunn, hat mech déif markéiert.

Wéi ech erëm zeréck an d’Belsch komm sinn, hat ech just eppes am Kapp, erëm fort!

D’Iddi vun der Entwécklungskooperatioun huet sech bei mir awer net direkt manifestéiert.

Wärend menge Studien, hat ech fir d’éischte Kéier, d’Chance an engem Echangeprogramm mat Philippinnesche Schüler matzeschaffen.

Méi spéit, hu weider Coursen an der ‘Anthropologie vun der Entwécklung’ mir kloer gemaach, datt verschidden Inegalitéiten, nëmmen iwwert eng duebel Schinn, um Terrain an awer och vun hei aus, ze bekämpfe wieren.

 

Engagment

Ech hunn du ‘sozial Kommunikatioun’ studéiert an hu mech fräiwëlleg fir Educatiouns- an Entwécklungsprojete gemellt. D’Iddi war: D’Inegalitéiten tëschent Nord a Süd ze verréngeren, zur Bewosstwerdung ze encouragéieren an e Changement vun eisem Behuelen unzepeilen. Fir meng Ofschlossaarbecht, sinn ech an de Burkina Faso «Protektioun vum biologesche Kotteng an dären Impakt op d’Konditioun vun de Fraen am Burkina Faso» studéiere gaangen.

Wéi ech dunn diploméiert war, hunn ech als Responsabel fir d’Educatioun an der Entwécklung bei Vétérinaires sans Frontières an Eclosio geschafft. Am Ufank hunn ech et bal net gegleeft datt ech géif bezuelt gi fir eng Aarbecht, déi ech och fräiwëlleg gemaach hätt. Mä den Domaine vun der Entwécklungszesummenaarbecht ass gutt organiséiert. Et gi spezifesch Kompetenze verlaangt, sou wéi och Experienz um Terrain; et geet net duer gutt Intentiounen ze hunn, fir effikass ze sinn.

Zënter 2015, sinn ech bei der ONG ‘les Amis du Tibet au Luxembourg’ agestallt. D’Defense vun de Mënscherechter an d’Defense vun der Tibetanescher Kultur als Thema huet mech net lassgelooss. Säit ech wärend menger éischter Indierees op e jonken Tibetaner am Exil gestouss war. Dëse war an de Prisong komm, wëll en eng Foto vum Dalaï-Lama gekuckt hat.

 

Motivatioun

Säit Kuerzem, hunn ech de Conseil d’Administration vum Cercle de Coopération des ONGD integréiert. Hier Missiounen, si menger Meenung no, weesentlech am Secteur vun der Koopératioun zu Lëtzebuerg. Ausserdeem, engagéieren ech mech benevole an enger ganzer weiderer Rëtsch vun Associatiounen, wéi z.B. an der Schoul där meng Kanner ginn. Och wann et un Zäit feelt, ass et mir wichteg, fir un der stänneger Verbesserung vun der Welt an där mir liewen, aktiv mat deelzehuelen.

 

Méi Information: www.amisdutibet.org

Lire sur le même sujet: