Och wann d’Lag aussiichtslos schéngt, Opginn ass keng Optioun

“Eis international Gemeinschaft kann nëmme funktionéiren, wa jiddereen déi universal Gesetzer respektéiert”. D’Michelle Schmit ass eng jonk Juristin an zënter 2013 Member vum Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient (CPJPO). Zënter dësem Joer ass si aktiv un der Koordinatioun vun de Projete vun der ONGD bedeelegt.

Droit Studium

Schonn zënter Klengem u wollt ech ëmmer Droit studéieren, fir dono mat mengem Wësse kënne Leit ze hëllefen. Nom Bachelor hunn ech e Master am Droit international ugehaangen, wat vill méi interessant a wuertwiertlech weltbeweegend war. Meng Passioun fir den Droit international wiisst ëmmer weider. Eis international Gemeinschaft ka nëmme funktionéieren, wa jiddereen, all Staat an all Mënsch, déi universal Gesetzer respektéiert. Fir mech gouf et also keen anere Wee wéi mech an enger Organisatioun ze engagéieren, déi fir d’Unerkennung an de Respekt vun de Mënscherechter kämpft.

 

Engagement

Mir haten op der Première kuerz d’Situatioun tëscht Israel a Palästina duerchgeholl. Meng Geschichtsproff hat dunn d’Coordinatrice vum CPJPO agelueden, fir eis e bësse méi iwwer de Konflikt ze erzielen. Ech weess nach, wéi ech deemools den Tréine no war, wéi ech Fotoe vun der Mauer gesinn hunn. Mech huet et esou schockéiert, dass dës ongerecht Situatioun scho Joerzéngten undauert an et keen ze interesséiere schéngt. An dem Moment hunn ech decidéiert mech dofir ze engagéieren, dass esou Ongerechtegkeete bekannt ginn an dass ech alles a menger Muecht dofir maachen, dass se en Enn fannen.

 

Motivatioun

Natierlech ass et oft schwéier motivéiert ze bleiwen, virun allem well ee bei Themen  déi d’Entwécklung betreffen nëmme seele kloer a punktuell Resultater gesäit. An esou Momenter wéi z.B. der Verëffentlechung vum Donald Trump sengem “Deal of the Century” schéngt engem d’Aarbecht aussiichtslos. Wärend engem “voyage éducatif” mam CPJPO virun e puer Joer hunn ech sur place Kolleege fonnt mat deenen ech nach haut bal all Dag a Kontakt sinn. Et si virun allem si, déi mir d’Kraaft gi weiderzemaachen. Déi onendlech Hoffnung an de Liewenswëlle vun de Palästinenser, mäin déiwe Glawen un d’Mënschheet a mäin Idealismus hëllefe mir weider dofir ze kämpfen, dass all Mënsch déi selwecht Rechter huet.

 

Weidermaachen

Leschte Summer war ech ee Mount am Westjordanland an hunn ee Projet besicht, dee vum CPJPO ënnerstëtzt gëtt. Et handelt sech dobäi ëm eng psychosozial Ënnerstëtzung vu Kanner an hire Mammen, déi am Flüchtlingscamp zu Jenin op enkstem Raum liewe mussen. Ech selwer hu bei enger eelerer Fra ouni Kanner am Camp gewunnt. All Owend huet si mir a gebrachenem Englesch erzielt, wat dëse Camp schonns alles duechgemaach huet. 2002 ass e groussen Deel dovu wärend enger israeelescher Militäroperatioun zerstéiert ginn a vill Bewunner sinn ëm d’Liewe komm. D’Bewunner vum Camp hu mir Dag fir Dag gewise wéi dankbar si sinn dass ech do sinn. Ouni vill ze maachen huet meng Presenz hinne verséchert, dass si net vergiess ginn an dass Leit op der ganzer Welt sech dofir asetzen, dass hir Rechter endlech respektéiert ginn.

 

 

Méi Informatioun: https://paixjuste.lu

 

Lire sur le même sujet: