Interessi a Virwëlz hunn ech behaal

Marilène Oberlin, Gestionnaire de projet fir d’Fondation Dr Elvire Engel, Member vum Cercle des ONGD, schafft säit 10 Joer an der Kooperatioun an huet a verschiddenen ONGDen zu Lëtzebuerg geschafft. Geleet duerch säin Interessi fir aner Leit ass hatt och etabléiert als Liewenscoach an huet OM JOIE gegrënnt.

 

Wéi ech jonk war

Als Kand wollt ech Archeologin ginn a war faszinéiert vun Ägypten a senger Geschicht. Deen Interessi a Virwëlz hunn ech behal: Ech interesséiere mech fir d’Leit, hir Kultur, hir Sprooch, wéi se liewen a probéieren ze verstoe wéi hiert Weltbild ausgesäit.

  

Ech hunn meng Carrière …

… an der Finanz ugefaangen, wou d’Teamaarbecht an d’Ambiance mir gutt gefall hunn, mee et huet mir u Bestëmmung gefeelt. No dräi Joer Finanzsecteur sinn ech zréck op d’Uni gaangen an hunn e Master an Entwécklungshëllef gemaach. Fir mäi Memoire hunn ech eng Recherche am Burkina Faso gemaach a si fir d’éischt a Kontakt mat der Welt vun den ONGD komm.

  

Meng Motivatioun

Ech sinn e léisungsorientéierte Mënsch. Och wann heiansdo d’Motivatioun noléisst an de Kapp hänkt, kucken ech ëmmer wéi mir schnell d’Situatioun verbessere kënnen. Als fräiberuffleche Liewenscoach hëllefen ech de Leit nei Perspektiven an hirem Liewen ze fannen. Dat wenden ech och a menger Aarbecht fir mech selwer un.

 

Impakt

Ee Projet ëm deen ech mech bei der Fondation Dr Elvire Engel këmmeren hëlleft HIV infizéierte Frae mat Kanner am Burkina Faso. Dës Frae ginn meeschtens vun hire Famillen ausgestouss. Wärend enger Aarbechtsrees war ech zudéifst geréiert vum Temoignage vun enger elengerzéiender Mamm vun zwee Kanner, vun deenen de Bouf eng geneetesch Krankheet hat. Hire Mann war un AIDS gestuerwen an de Rescht vun der Famill hat mat hir de Kontakt ofgebrach. Si war eleng, isoléiert an aarbechtslos. Si huet eis mat engem grousse Laachen empfaangen a sech bedankt dass si dierft am Projet matmaachen. Säitdeem huet si nei Frae kenne geléiert déi hir nei Famill gi sinn, si konnt rëm schaffen a mam Akommes kann si sech et leeschten hiert Meedchen an d’Schoul ze schécken. Ech denken oft u si zréck.

 

Fir méi Informatioun: http://www.fondationdrengel.lu

 

Lire sur le même sujet: