Mir si keng Spectateure vun der Realitéit: mir si Acteure!

Gabriela Caceres ass zënter 2012 Responsabel vun de Partenariater a Latäinamerika vun der ONGD Action Solidarité Tiers Monde – ASTM a geléiert Historikerin.

 

Wou s du jonk waars…

…hunn ech gedreemt Affekotin ze ginn a mech fir Gerechtegkeet anzesetzen. An awer hunn ech décidéiert Geschicht ze studéieren. D’Geschicht a spéider d’politesch Wësseschaften hu mir d’Outile ginn fir d’Welt an hirer gesamter Komplexitéit ze verstoen. Et versteet een da ganz séier dass einfach Léisungen keng Äntwert op komplex Problemer liwweren, an dass Interdisziplinaritéit enorm wichteg fir d’Ausübung vun eisem Beruff ass.

Déi Ausbildung war grondleeënd fir dat wat ech am Laf vu menger Carrière gemaach hunn: d’Gestioun vu soziale Projeten. Des Aarbecht huet et mir erlaabt déi Elementer ze erhalen déi mir wichteg sinn, nämlech Kontakt hu mat konkrete Persounen an hire Realitéiten, sou wéi dat ze ännere wat net klappt. Also kämpfen ech awer fir Gerechtegkeet, mee mat Outilen déi mir besser leien.

 

D’ONGDen

Ech kommen ursprénglech aus dem Chile an hat d’Chance fir de Prozess vun der Réckgewannung vun der Demokratie ufanks den 90er Jore matzëerliewen. Dëst war eng besonnesch intensiv Zäit, a fir eis, jonk Diploméierter deemools, war et eng exzellent “Schoul”. Well et noutwenneg war all déi ëffentlech Strukturen an de Staat a senger Gesamtheet nei opzebauen, hunn d’ONGDen hir Membere verluer: bal all hir Kaderen hu sech um gemeinsamen Défi bedeelegt.

Duerno, an der Welt vun den ONGDen, hunn déijeeneg déi hire Bléck op Entwécklungsfroe konzentréieren mir et méi ugedoen. Dëst erkläert firwat direkt nodeems ech zu Lëtzebuerg ukomm war, d’ASTM mech interesséiert huet.

 

D’Motivatioun…

…an dësem Beruff ass net ëmmer evident; eis Matière Première ass all dat wat net fonctionnéiert. Mee mir si keng Spectateure vun der Realitéit: mir wëllen Acteure sinn! Dëst ass wéi mäi Beruff sech ergänzt. Natierlech ginn ech méi schwiereg Moment wou et engem schwéier fält ze acceptéieren dass de Leit hire Misère onsiichtbar ass a vernoléissegt gëtt. Dann denken ech un déi vill Leit déi meng Roserei deelen an awer eng Quell vun der Kraaft an der Hoffnung sinn. Ech hunn d’Chance vill där Leit ze kennen.

Déi mageschste Momenter fir mech sinn déi wou kollektiv Kreatiounen entstinn. Ech genéissen de Prozess vun der Formulatioun wou mir vun enger einfacher Iddi ausginn die sech duerno zu engem Programm oder Projet entwéckelt. Et ass an der Contributioun vum Ensemble wou d’Magie geschitt. Wann ech an der Recherche hëllefe kann, fillen ech mech erfëllt.

 

Fir méi Informatioun: www.astm.lu

Lire sur le même sujet: