“Ech am räiche Lëtzebuerg kee Recht fir opzeginn”

Wéi all Joer proposéiert de Cercle de Coopération eng Rei vu kuerzen Artikelen iwwer d’ONGDen. Dëst Joer wëlle mer iech mat e puer Stéchwierder d’Leit virstellen déi sech all Dag fir eng besser Welt asetzen. Mir stelle vir: Patrick Krãnipî Godar, Responsable de projets an Administrateur délégué bei der ONGD “Partage.lu”

 

Jugend

“Ech wollt als Kand Geeschtleche ginn an hunn en Theologiestudium an der Schwäiz an a Brasilien absolvéiert. Et war de Kontakt mat der latäinamerikanescher Befreiungstheologie a meng Erfarunge mat indigene Vëlker am Amazonas déi mech op de Wee vun engem sozialen Engagement bruecht hunn. Déi éischt Beruffung huet mir gehollef, de Mënsch ganzheetlech ze gesinn, an en “Aarmen” net op seng Probleemer ze reduzéieren. D’Dignitéit vum Mënsch huet mat senger kierperlecher, moralescher a séileger Ganzheet ze dinn”.

 

ONGD

Déi éischt déi mech drop bruecht hunn war d’ONGD Chiles Kinder, haut Niños de la Tierra, zu Beetebuerg an de 70er Joren. Besonnesch d’Beispill vun der Schwëster Karoline Mayer an de Slums vu Santiago de Chile an de João Geisen a Brasilien an hir Engagementer hei zu Lëtzebuerg an a Latäinamerika hu mech betraff – déi Ongerechtegkeet, deemools scho verbonne mat der Respektlosegkeet vis-à-vis vun Natur an Ëmwelt. Eng Grupp SchülerInnen hunn deemools d’ONGD Jugend Deelt gegrënnt. No mengem Brasilienasaz deen ech mat Ënnerstëtzung vun Eng Bréck mat Latäinamerika realiséiere konnt, hunn ech mech bei Bridderlech Deelen, haut Partage.lu engagéiert.

 

Motivatioun

“Ech ginn ëmmer erëm motivéiert vun de Mënschen an Afrika, Asien a Latäinamerika vun deenen ech léieren duerf. Wa si de Courage hunn géint Aarmut an Ongerechtegkeet ze kämpfen, hunn ech am räiche Lëtzebuerg kee Recht fir opzeginn. Virun allem stäerkt mech mäi chrëschtleche Glawen a fuerdert mech eraus: Nächsteléift konkret ass fir mech net ëmmer evident, mee eng Fuerderung där ech mech stelle muss. Eng gewësse Romantiséierung vum Aarmen an eng Iwwerschätzung vun der eegener Motivatioun halen awer am Laf vun der Zäit der Realitéit net stand”.

 

Impakt

“D’Gefill, datt d’Aarbecht vun eise PartnerInnen en Impakt huet, hunn ech ëmmer erëm. Do stinn ech jo hannendru mat de wéinege Mëttelen déi mir zur Verfügung stinn, meeschtens jo just Geld, heiansdo méi. D’ASTM, Caritas a partage.lu hunn et fäerdeg bruecht datt an der Chamber d’Konventioun ILO 169 zum Schutz vun den indigene Vëlker ratifizéiert ginn ass. Duerno hunn eis indigeen Partner a Brasilie gefeiert a sech gestäerkt gefillt – “contre vents et marées”. Jo, esou en Impakt ass ëmmer immens dynamiséierend”.

 

Fir méi Informatioun: www.partage.lu

 

 

Légende photo: Austausch mat de Xerente-Indios am brasilianesche Legalamazonien © CIMI 2019

Lire sur le même sujet: