Diddeleng an PADEM: Zesumme fir d’sozial Verännerung

Mat verschidden Aktiounen hëlleft d’Stad Diddeleng der ONGD PADEM bei der Realisatioun vun hire Projeten, verzielt eis de Pascal Hus, zanter 13 Joer Administrateur vun PADEM.

Dir sidd zanter 2015 zu Diddeleng, heescht dat och, datt d’Stad Iech zanterhier ënnerstëtzt?

Scho virdrun! PADEM kritt vun Ufank un Subsiden vun “Diddeleng Hëlleft”, dat si méi wéi 15 Joer hier, an huet eis bei verschiddene Projeten ënnerstëtzt. Si bleiwen eis trei, an ech soen hinnen dofir villmools Merci! D’Stad Diddeleng invitéiert eis och zanter méi wéi 10 Joer op hiren traditionellen Weltmaart an et mécht eis ëmmer nach vill Freed un dëser Manifestatioun deelzehuelen, déi an enger ganz flotter Atmosphär ofleeft.

Virdrun war t’ONGD zu Bieckerech. PADEM hat e spezielle Lien mam Camille Gira an d’Noriicht vu sengem Dout huet d’Memberen vun der ONGD déif getraff.

 

Hëlleft d’Gemeng Iech och nach anescht?

All Joer invitéiere mir eis Partner aus den Entwécklungslänner, fir d’lëtzebuergesch Bevëlkerung fir d’Problematik vun der Entwécklung ze sensibiliséieren. Mir profitéieren vun dëser Occasioun, fir mat eise Partner an themateschen Atelieren zesummenzeschaffen: Fir dës Atelieren stellt d’Stad Diddeleng eis e Sall, mat allem wat gebraucht gëtt fir ze schaffen, zur Verfügung – Bureauen, Videoprojekteren, Internetzougang – dat ass ganz wäertvoll.

D’Gemeng hëlleft eis och indirekt duerch hir vill Connectiounen, wat villes méi einfach mécht. Fir d’Organisatioun vun dëser internationaler Renconter vum leschte Joer, huet de Cottage Logis Hôtel eis eng Reduktioun um Zëmmerpräis vun eise Partner accordéiert, well mer vun Diddeleng sinn an vun “Diddeleng Hëlleft” ënnerstëtzt ginn.

 

Dir hat och op enger Konferenz am CNA deelgeholl? 

Jo! Dat war e Ronndëschgespréich, dat am Kader vun der Woch vun der mentaler Gesondheet organiséiert gouf. Mat PADEM BIPOL hu mir eng Branche speziell fir bipolar Persounen zu Lëtzebuerg – et sinn der 10.000 – hir Familljen an d’Leit an hirem Ëmfeld an d’Liewe geruff. Fir dëst Ronndëschgespréich hu mir mam Service Égalité des Chances vun der Stad Diddeleng zesummegeschafft.

 

Villes verbënnt Iech also mat der Stad Diddeleng, ass dat alles?

Mat der Gemeng jo, mee ech muss elo hei d’Louise ernimmen, eis Bénévole, déi eis zanter méi wéi 10 Joer hëlleft, an d’Alice, Ambassadrice vun der Stad Diddeleng, mee och Ambassadrice vum Projet, dee mir mat Enovos hunn, an deen et erlaabt a 60 Schoulen am Senegal Elektresch z’installéieren, wouvunner 10.000 Schüler profitéiere wäerten. Mir hunn och eng ganz fest Verbindung zum Lycée Nic Biever an zu villen Diddelenger Donateuren.

 

E Wonsch?

D’Stad mécht scho vill fir PADEM, haut wéilte mer gutt Verbindungen mat Diddelenger Entreprisen opbauen.

 

Fir méi Informatiounen: www.padem.org

Lire sur le même sujet: