D‘ONGD-FNEL an d‘Gemeng Stroossen engagéieren sech

Interview vun der ONGD-FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg) mam Här Gaston Greiveldinger, Buergermeeschter vun der Gemeng Stroossen. Duerch hiert Engagement ënnerstëtzt d‘Gemeng Stroossen der ONGD-FNEL hire Projet «Umbrella» am Nepal. Dëst ass ee vu 14 Educatiounsprojeten déi d‘ONGD-FNEL am Nepal huet, am Kader vu sengem «accord-cadre 2019/2023» mam ministère des Affaires Étrangères et Européennes (MAEE).

 

Aus wéi enger Iwwerleeung eraus ënnerstëtzt d‘Gemeng Stroossen Entwécklungsprojeten?

D‘Gemeng huet eng sozial Verantwortung, déi iwwert déi lokal Dimensioun erausgeet, an als Virbild gëlle soll. Zanter 2001 huet d‘Gemeng Stroossen e substanzielle Budget fir humanitär Aktioune virgesi mat deem si 4 bis 5 Projeten iwwert eng gewëssen Zäit ënnerstëtzt. Dëse Budget gëtt erweidert duerch den Erléis vu verschidde Gemengemanifestatiounen an Aktivitéite vu lokalen Associatiounen.

Ënnerstëtzt ginn haaptsächlech strukturéiert ONGen well:

  • et méi liicht ass nozevollzéien, wou déi ëffentlech Gelder hi ginn,
  • d’Aktioune regelméisseg um Terrain verfollegt ginn,
  • der ONG hir Participatioun vum MAEE multiplizéiert gëtt,
  • nohalteg Educatiounsprojeten dozou bäidroen d’Verantwortung an d’Selbststännegkeet vun den Zillänner ze fërderen.

Wat huet dozou bäigedroen dass d‘ONGD-FNEL mat hirem Projet «Umbrella» dëst Joer zeréckbehale gouf?

  • Ausschlaggebend war d’Ausstellung an der « Belle Etoile » am Abrëll am Kader vun den 30 Joer ONGD-FNEL. Mat esou Aktioune gëtt et ëffentlech visibel wéi a wat an der Vergaangenheet an an der Zukunft um Terrain geschitt.
  • Et ass och net déi éischte Kéier wou d’ONGD-FNEL vun der Gemeng Stroossen ënnerstëtzt gëtt; d’Zesummenaarbecht vun der Gemeng mat hire Scouten, de « Kiewerlecken » huet eng laang Traditioun.

 

De Projet: «Appui à la réintégration et soutien scolaire des jeunes et au développement communautaire en zones rurales avec Umbrella Organisation Nepal»

D‘«Umbrella  Organisation Nepal» (UON) ass beméit déi sozio-ekonomesch Situatioun vun de benodeelegte Familljen am Distrikt vu Rasuwa am Nepal ze verbesseren.

Mat spezifesche Formatiounsprogrammen, mat der Reintegratioun vun ausgeschlosse Kanner, a mat der Fërderung vun der Gemeinschaftsentwécklung dréit d‘Organisatioun dozou bäi den Impakt vu Kannerhandel a Kanneraarmut am Nepal ze ënnerbannen.

De Programmdirekter vun «Umbrella» zesumme mat enger jonker Beneficiärin komme vum 4. bis de 17. November 2019 op Lëtzebuerg fir iwwer dës Problematik ze informéieren a sech mat jonke Lëtzebuerger auszetauschen. An deem Kontext wäerte se och zu Stroossen an d‘Primärschoul goe fir mat de Schoulkanner doriwwer ze diskutéieren.

Fir méi Informatiounen iwwert d‘ONGD-FNEL an hir Projeten: www.ongd-fnel.lu

Lire sur le même sujet: