D’Gemeng Nidderanven engagéiert sech am Niger mat d’Guiden a Scouten fir ENG Welt

D’Guiden a Scouten fir ENG Welt ass eng ONGD, déi vum Kooperatiounsministère agreéiert ass an déi virun 30 Joer gegrënnt gouf dank engem Kontakt tëschent Guiden a Scouten aus dem Senegal a vu Lëtzebuerg. Zanterhier ënnerstëtzt d’ONGD Projeten, haaptsächlech an der schoulescher an an der berufflecher Ausbildung vu Kanner a Jonken.

D’Gemeng Nidderaanwen engagéiert sech säit 2016 mat ons fir e besseren Zougang zur Ausbildung fir d’Kanner am Niger anzesetzen an dëst zesumme mat onsem lokale Partner Les Amis de l’Ecole (LADE).

Am Niger sinn 28% vun de Kanner am schoulflichtegen Alter net ageschoult! Fir déi, déi an d’Schoul gi bleiwen d’Ëmstänn schwiereg: net ugepassten Infrastrukturen, immens grouss Klassen an net genuch Schoulmaterial wat alles zu engem manner gudden Unterrecht bäidréit. Dës schwiereg Situatioun bréngt e fréizäitegt Ofbrieche vun der Schoulausbildung fir eng Rei Kanner mat sech. D’Konsequenz ass dass de Quota vun dem Primärschoulofschloss niddreg bleift, bei nëmme 55%.

D’Hëllef duerch LADE ënnerstëtzt déi méi schwaach Familljen. De Projet finanzéiert eng Partie Schoulmaterial. Och ginn eng ganz Rei Sensibiliséierungsaktiounen iwwert d’Rechter vum Kand a virun allem d’Recht op Schoul an op Bedeelegung fir d’Elteren, d’Kanner an d’Gemeinschaften ugebueden an ënnerstëtzt. Formatioune fir d’Léierpersonal fir eng besser Qualitéit vun der Ausbildung ze erreechen, sinn och garantéiert.

D’Gemeng Nidderaanwen huet sech bereet erkläert dëse Projet ze begleeden andeems si d’Fonds propres vun der ONGD bezilt, dat heescht 20% vum ganze Finanzement vum Projet.

Fir den 30. Anniversaire vun der ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt, am November 2018, hat d’ONGD den Här Abdoulaye Amadou op Lëtzebuerg invitéiert fir dës wichteg Aarbecht um Terrain virzestellen an d’Wichtegkeet vun onsem Engagement an der Erzéiung a sengem Land ervirzesträichen.

Et gouf a Präsenz vun der Famill vun SAR dem Prënz Guillaume, de Ministere Romain Schneider a Carole Dieschbourg an de Membere vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten an der Gemeng Nidderaanwen, an der Sall A Schommesch, zesumme gefeiert an d’Gemeng hat ons de Sall an den Éierewäi fir dësen Evenement offréiert ! Merci !

Mei Informatioun : www.ongd.lgs.lu/

Copyright photo: Tony Tintinger

Lire sur le même sujet: