Réiser feiert 27 Joer Partenariat mat enger Kolla Communautéit an Argentinien

Enn 1991 huet de Raymond Becker, Schäffen zu Réiser, Membere vu verschiddenen ONGen aus senger Gemeng zesummegeruff. Hie war op der Sich no Iddie wéi ee fir de 500. Anniversaire vun der Entdeckung vun Amerika d’Awunner vu Réiser kéint op d’Liewensbedingunge vun den indigène Vëlker opmierksam maachen.

Vun de Leeder vun der Finca San Andrés, iwwer de Schäffe Raymond Becker, dank der Mediatioun vun der INAL (Argentinien) an der ONGD ASTM (Lëtzebuerg) ass d’Iddi vun enger neier Kollaboratioun zwëschen enger Gemeng a verschiddenen ONGe séier Realitéit ginn.

Wat ee virun allem ënnersträiche muss, ass datt während all där Zäit, wou d’Kolla Vollek aus der Finca San Andrés mat sengen Alliéierten aus Lëtzebuerg an den Institutiounen verbonne war, dee gemeinsamen Effort den Haaptgrond fir déi grouss Efficacitéit war. Den Teamwork deen d’Réiser Gemeng vereent huet mat den ONGDen huet eng Dynamik entwéckelt wou jiddereen seng spezifesch Roll hat, déi déi komplementar Kompetenze vum Rescht vun der Equipe ergänzt huet. D’Gemengevertrieder hunn d’Rechter vun hire Partner virun alle méiglechen Instanze verteidegt, an Argentinien, awer och zu Stroossbuerg an zu Bréissel. D’ONGDen hu regelméisseg déi néideg privat an institutionell Fonge gesicht, wat zu enger lieweger Korrespondenz mat den Donateuren a Sympathisante gefouert huet. Fënnef Projete goufen no an no vun 1992 bis 2002 realiséiert vun der ASTM mat Hellef vun den ONGDen Niños de la Tierra an Iwwerliewen. E sechste Projet iwwert den Ëmweltdiagnostik ass vun der ONG SHR (Solidaresch Hëllef Réiserbann) vun 2000 bis 2003 duerchgezu ginn.

Problemer gouf et vun 1997 bis 2011 duerch d’Multinational US Seaboard Corporation. Déi hat 66% vun den Aktien vun der Ingenio de Tabacal, argentinesche Besëtzer vun de Kolla hirem Terrain, opkaf. Elo Haaptaktionär, wollt Seaboard d’Extraktioun vun wäertvollem Holz aus dem Yunga Bësch fortféieren. Si hunn d’Kolla an deenen hir Regierung viru Geriicht geholl, an der Hoffnung si vun hirem Terrain geheien ze loossen. An där schwiereger Zäit war Réiser eng wäertvoll Hëllef. Vun 1998 bis 2002 huet déi belsch Firma Tractebel eng Gasfernleitung duerch den Terrain vun de Kolla geluecht. Des Ofkierzung huet der Firma erlaabt 100 Milliounen Dollar ze spueren, an hat eng Trennung zwëschen den indigène Vëlker verursaacht. Réiser konnt dee Moment net intervenéieren, mee huet sech awer bereet erkläert fir bei der lueser Reconstructioun vun der Vereenegung vun de véier Dierfer matzeschaffen.

Am Joer 2015 huet SHR säi 25. Anniversaire zesumme mat de Kolla gefeiert. D’Gemeng Réiser huet am Joer 2017 de Parc Kolla opgemaach, eng Spillplaz wou Delegéierter vun de Kolla am Joer 1994 e Bam geplanzt haten. Am Joer 2018 huet den MAEE sech bereet erkläert fir de Kofinanzement vun engem Projet fir kleng Empfangsstrukture fir Öko-Touristen um Terrain vun de Kolla.

Am Joer 2019 ass “Retour des Kollas” d’Thema vun enger Sensibilisatiounsaarbecht, baséiert op der Geschicht vun dëser Solidaritéit, awer och an d’Zukunft geriicht, fir zesumme géint de Klimawandel ze kämpfen, andeems een d’Bëscher protegéiert a géint d’Energieverschwendung virgeet.

Mei Informatioun: www.shr.lu

Lire sur le même sujet: