Vu Wolz an de Burkina Faso

De Soleil dans la Main setzt sech fir eng international Solidaritéit tëschent Lëtzebuerg an dem Burkina Faso an. D‘Lëtzebuerger ONG Le Soleil dans la Main gouf an der Gemeng Wolz gegrënnt, mam Zil d’Bevëlkerung am Burkina Faso ze ënnerstëtzen an hir Liewensverhältnisser nohalteg ze verbesseren. D’Benevole vun der ONG setzen sech hei am Land mat Häerz a Séil fir dës Ziler an. Membere vum Comité berichten.

  

Firwat ass de Soleil zu Wolz  gegrënnt ginn?

2002 hunn dräi Studenten, fréier Schüler aus dem Lycée du Nord vu Wolz, no enger Afrika Rees beschloss, hire Bäitrag géint d’Aarmut op der Welt ze leeschten. Op hir Initiativ gouf dat selwecht Joer d’A.s.b.l. Le Soleil dans la Main gegrënnt. Déi éischt Sue goufen um Chrëschtmaart zu Klierf gesammelt, a séier krut de Soleil d’Ënnerstëtzung vu Veräiner aus de Kantone Wolz a Klierf. De Solidarity Run vum Lycée du Nord huet déi éischt gréisser Projeten am Burkina Faso erméiglecht.

Laang war de Soleil virun allem am Éislek bekannt, mä zanter deene leschte Jore kann d’ONG op eng Rei nei Memberen an Donateuren aus dem ganze Land zielen. No der offizieller Unerkennung als ONG 2009 war de Soleil och ganz houfreg, dass de fréiere Minister a Buergermeeschter vun der Stad Wolz, de Romain Schneider, 2017 bei der Aweiung vum Kannerheem Centre Noomdo zu Koudougou konnt dobäi sinn.

 

Wat sinn är Haaptaktivitéiten a wéi engagéiert dir do d’Benevolen?

Wat den Asaz um Terrain ugeet, konzentréiere mir eis nëmmen op ee Land, de Burkina Faso. Dëst garantéiert d’Kenneléiere vun de Leit an hirem Liewen, d’Verstoe vun de lokale Bräich an eng enk Zesummenaarbecht mat de Gemengen a Ministèren. Esou kënne mir op en déift Vertraue vun de Leit an den Dierfer zielen.

Zu 8 Benevole stelle mir de Comité hei zu Lëtzebuerg an diskutéieren an dësem Kader zesumme mat den Employéën iwwer d’Projeten, d’Strategie an d‘Aktivitéite vum Soleil. Gemeinsam mat eise weidere gutt 20 Benevole këmmere mir eis och ëm d’Aktivitéiten zu Lëtzebuerg, woubäi d’Sensibilisatioun an d‘Solidaritéit wichteg Theme sinn. A Schoulen oder op Evenementer wéi dem Festival des migrations ginn d‘Leit iwwer d’Liewen an déi néideg Hëllef am Burkina Faso informéiert. Och sammele mir, mam Verkaf vun Artikelen aus dem Burkina, Iessen a Gedrénks, Geld fir d’Projeten am Burkina Faso. Ausserdeem ass et eis wichteg d’Donateuren an d‘Membere reegelméisseg ze informéieren.

 

Wat wëllt dir an Zukunft maachen?

Zu Lëtzebuerg soll virun allem d’Zesummenaarbecht mat eise Partner, awer och mat eisen Donateuren a Memberen intensivéiert ginn. Der ONG hir Ziler sinn: aktuell Aktivitéite weiderféieren a stänneg nei Initiativen opbauen, fir op de Besoin am Burkina Faso reagéieren ze kënnen. Déi wichteg Sensibilisatioun hei am Land fänkt bei deene Klengen un, dofir läit dem Soleil dans la Main weiderhin den Engagement an de Schoulen um Häerz.

Méi Informatioun: www.soleil.lu

Photo : Inauguratioun vum Centre Noomdo zu Koudougou, Februar 2017