De Cercle de Coopération feiert 40 Joer!

De Cercle de Coopération ass den Daachverband vu Lëtzebuerg fir d’ONGen déi an der Kooperatioun aktiv sinn. En huet haut méi wéi 80 Memberen déi an der ganzer Welt an op verschiddenen Theme schaffen.

An de 1950er Jore sinn déi éischt “Organisations non-gouvernementales de développement”, kuerz ONGD, hei zu Lëtzebuerg entstanen. Leit hu sech individuell engagéiert fir déi international Solidaritéit. Si wollten eppes maachen, eppes zeréckginn.

Fir hir Ressourcen ze deelen a méi staark ze ginn, hunn e puer vun hinne sech de 9. Oktober 1979 zesummefonnt fir de “Cercle de Coopération des ONGD de Luxembourg” ze grënnen. Dat war den Ufank vum Cercle.

De Cercle, deen de Statut vun enger a.s.b.l. huet, engagéiert sech zesumme fir eng méi fair an nohalteg Welt. De Cercle huet als Missioun seng Memberen ze ënnerstëtzen, ze federéieren a si vis-à-vis vun den ëffentlechen Instanzen ze representéieren.

Am Cercle kënne si aner ONGDen treffen a sech iwwert hir Projeten an Erfarungen austauschen oder och zesummen op Initiative schaffen. Hei kënne si och a Formatioune kommen a sech iwwert hir Projete berode loossen.

Och wann haut vill ONGDe gewuess sinn an net méi op volontairer Basis fonctionnéieren, guidéieren eis eis gedeelte Valeuren nach haut: den Austausch, d’Solidaritéit an d’Transparenz. D’Membere sinn  eis “raison d’être” – de Cercle gëtt et just, well et eis Membere gëtt.

De Groussdeel vun der finanzieller Ënnerstëtzung kënnt vun Memberen a vun der Kooperatiounsdirektioun, déi och e wichtege Partner fir de Cercle an d’ONGDen ass. Zousätzlech gi vill ONGDen och vu Gemengen ënnerstëtzt.

Fir eise 40. Gebuertsdag wëlle mir iech elo all Mount ee vun eise Membere virstellen an erziele wat si maachen a wéi si an hirer Gemeng verankert sinn. Am Abrëll geet et lass.

 

Communiqué par Véronique Faber, Cercle de coopération des ONGD du Luxembourg

 

Lire sur le même sujet: