Mir hu keng Flüchtlingskris, mir hunn eng Wunnengskris

Iwwert d’Komplexitéit vun der Gemengepolitik wann et ëm d’Wunnengssituation vu Flüchtlinge geet. Wéi e Buergermeeschter op där leschter Plenière vum Ronnen Dësch sot: „ënnert dem Stréch ass dat eng gutt Saach fir d’Gemeng“ well eng Gemeng, déi Wunnengsraum schaaft fir Flüchtlingen, kritt bis zu 75% oder souguer 100% vum Staat.
Déi lescht Flüchtlingswell huet och Lëtzebuerg e bëssen iwwerfuerdert. De Ronnen Dësch ass aus engem Besoin entstanen, fir verschidden Acteuren zesummenzebréngen. Bei dëser Form sinn all Bedeelegt gläichgestallt, ouni Hierarchie a Virrecht. Sozial Kohäsioun ass eng Viraussetzung fir eng friddlech Gesellschaft.
Iwwer 120 Leit hate sech bei deem leschte Ronne Dësch zu Bouneweg am Januar zesummefonnt fir sech iwwer Integratioun am Allgemengen a Flüchtlingen am Speziellen auszetauschen. Leit koumen aus Gemengen -aus jiddwerenger wou de Buergermeeschter ageluede gouf- aus Associatiounen an Initiativen, aus Sport a Kultur.
Zum Wunnengsconstat wor zu Bouneweg vun Initiative rieds déi vu Gemengen ausginn, vun der Agence immobilière sociale, Open Home déi Flüchtlinge vermëttelt fir a private Familljen ënnerzekommen, asw. Déi staatlech Hëllef fir Gemenge fir Mietwunnengen schéngt sech u logistesche Schwieregkeete bei klengen a mëttlere Gemengen ze stoussen. Vläicht kënnt hei Know How vu staatlecher Säit zur Verfügung gestallt ginn. Well de Wunnengsproblem grouss Schichte vun der Bevëlkerung betrëfft muss gutt opgepasst ginn fir keng Jalousië ze provozéieren, net déi eng géint déi aner auszespillen. Trotzdem brauch et speziell Angeboter fir Flüchtlingen. Den zoustännege Ministère huet vun e puer honnert Better geschwat déi “ënnerwee” sinn um Valeriushaff, zu Esch an an der Haaptstad, dat och well ablécklech Strukture wéi déi fréier Logopédie an déi fréier Maternité geschwë net méi zur Verfügung stinn. Spontan huet sech eng Aarbechtsgrupp innerhalb vum Ronnen Dësch mat der Wunnengsfro befaasst a Virschléi ausgeschafft fir déi Debatt déi am Mäerz an der Chamber stattfënnt.
Da wor och rieds vum Zougang zum Aarbechtsmaart, vu Sproochecoursen asw.
Bei engem Joreszouwuess vun 10.000 Newcomeren (bei 20.000 Arrivéeën) wäert d’Zesummeliewen méi ewéi jee iwwer d’Niewenteneen erausgoe mussen. Eng aktiv an explizit Integratiounspolitik ass hei gefuerdert. Den éischte Fënnefjoresplang fir Integratioun koum 2013 zu Enn. Säit kuerzem gëtt en zweete preparéiert.
Um Gemengeplang brauchen d’Integratiounskommissounen neien Impuls: si zu wichtege Punkte vun der Gemengenaktualitéit em Rot froe wär eng Méiglechkeet.
Um Internetsite www.ronnendesch.lu fannt dir en Aperçu iwwer de Ronnen Dësch am allgemengen, déi lescht Plenière, d’Virschléi zur Wunnengsfro an wéi eng Gemengen dobäi woren, respektiv sech entschëllegt haten.
 
Serge Kollwelter, Member vun der Koordinatioun vum Ronnen Dësch

Lire sur le même sujet: