Politik fir a vun der Jugend
Wat stéiert dech zu Lëtzebuerg? Wat sinn deng Wënsch fir Lëtzebuerg fir d’Joer 2030? Froen déi Jonken net oft gestallt ginn, där Äntwerte sech awer am alldeegleche Liewe vu Jonke fanne loossen an iwwert déi sech dréngend ausgetauscht muss ginn.
Genau dat gouf den 21. Oktober 2017 am Kader vum 99id, engem Workshop organiséiert vum Conseil supérieur pour un développement durable an der OEuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, op kreativ a produktiv Aart a Weis gemaach. 60 jonk Leit hunn zesummen diskutéiert, equipéiert mat Pabeier, Stëfter an enger Rei vun Iddien, déi a Form vun engem Declaratiounsdokument a Kuerzfilmer festgehale gi sinn. Mobilitéit, nohalteg Consommatioun, Educatioun, Kultur a Gesellschaft goufen als Kärsujeten erausgeschafft fir Proposen un d’Lëtzebuerger Politiker weiderzeginn. Sou wënscht sech d’Jugend ënnert anerem méi Inclusioun a Coaching an de Schoulen, eng méi zirkulär Wirtschaft mat engem neie Konzept vun Notzen an Eegentum an engem dem Verkéier ugepasste Programm fir Carsharing an ëffentlech Transportmëttel.
Mat der Jugend déi richteg Entscheedunge fir d’Zukunft vun der Gemeng huelen
Dëst Matabezéie vun der Jugend an de politeschen Entscheedungsprozess ass immens relevant a Bezuch op d’Representativitéit an d’Responsabilitéit vun der Politik vis-à-vis den zukënftege Generatiounen. Och d’Joer 2030 ass fir de Workshop net zoufälleg gewielt ginn: en internationalen Accord setzt sech d’Joer 2030 als wichtegen Zäitpunkt: et ass d’Agenda 2030, déi am September 2015 op dem Sommet vun de Vereenten Natioune validéiert gouf an d’international Communautéit encouragéiert 17 nohalteg Entwécklungsziler bis 2030 ze erreechen.
De Wee, dee Lëtzebuerg an d’Direktioun vun dësen Ziler hëlt, muss vun der Jugend matentscheet a matgedroe ginn. Dëst kann an däerf net nëmmen op nationalem Niveau geschéien, mee muss och an de Gemenge gelieft ginn.
Wisou? Well d’Gemengeréit déi politesch Institutioune sinn, déi de jonke Bierger am nächste si souwéi déi Institutioune sinn, déi a lokale Strukture Politiken déi déi Jonk, hiert Ëmfeld an hiren Haushalt betreffen, direkt ëmsetze kënnen. En plus kënnen nohalteg Solutioune besonnesch am gemengepolitesche Kontext fonnt ginn.
Jonker als gemengepolitesch Akteuren an Ambassadeuren vun der Agenda 2030
Doduercher datt d’Agenda 2030 net rechtskräfteg ass, muss d’Zivilgesellschaft aktiv gi, fir d’Politik un hir Verflichtungen ze erënneren: Heibäi kënnen déi Jonk e wichtege Rôle iwwerhuele fir d’Aarbecht un den Ziler ze kommunizéieren, mat aneren ze diskutéieren, kritesch ze hannerfroen an ze veränneren.
Leider gëtt d’Jugendparticipatioun a Gemengen nach net eescht genuch geholl. D’Lëtzebuerger Gemenge sollten dowéinst d’Emsetzung vun der Agenda 2030 als Ulass huelen fir hir politesch Strukture méi jugendfrëndlech ze gestalten, fir déi 17 Ziler mat jonke Leit an de lokale Kontext ze iwwersetzen. Beispillsweis kéint e „Global-Lokal Bierger-Educatiounsprogramm“ fir Jonker an de Gemengen agefouert ginn, Jonker kéinte méi staark encouragéiert ginn als Memberen an de Parteien aktiv ze sinn, existent lokal pro-Jugend Organisatioune kéinten als Ulafpunkt genotzt a politesch Plattforme wéi Kanner-a Jugendgemengeréit kéinten etabléiert bzw. adequat verbessert ginn.
Den 99id Workshop huet ënnert anerem de Wëlle vu Jonken un Themen ze schaffen déi sech an der Agenda 2030 erëmspigelen an awer och an der Gemengepolitik héichaktuell sinn, bewisen. D’Gemenge sinn elo gefrot, hir Politik méi partizipativ an nohalteg mat den a net géint déi nächst Generatiounen ze gestalten!
Franziska Scheppach
Cercle de Coopération des ONGD