Mënscherechtsverletzungen eng rout Kaart weisen

Interview iwwert gerechten Handel an de Gemenge mam Jean-Louis Zeien vu Fair Trade Lëtzebuerg. Fair Trade Lëtzebuerg setzt sech säit 25 Joer a fir e fairen Handel an der Welt.
 
Här Zeien, wat maachen d’Gemenge fir de gerechten Handel?
 
Haut ass all véiert Gemeng eng Fair Trade Gemeng. Dat heescht dass all véiert Gemeng decidéiert huet fir eng nohalteg Akafspolitik ëmzesetzen. Als wichtegen Acteur zu Lëtzebuerg huet si do zwou Funktiounen. Si konsuméiert selwer nohalteg kafte Produkter aus dem gerechten Handel an ass esou e Virbild. Zweetens, sensibiliséiert si hir Bierger, Veräiner a lokal Entreprisen iwwert de fairen Handel a gëtt hinne Pisten wéi si selwer kënnen do aktiv ginn.
 
Just fir ee Beispill ze nennen: Betebuerg organiséiert d’“Fair Trade Woch”, wou ënner anerem d’Schoul an d’Betriber Fair Trade Brunchen iwwert de gerechten Textilhandel organiséiert hunn. Dëst ass awer just ee vu ville Beispiller vu groussen a klenge Gemengen, déi Joer fir Joer mat originellen Iddie kommen a soen: “Mir sinn eng Fair Trade Gemeng”.
 
 
Wat ass den Impakt vun esou enger Gemengepolitik?
 
Haut sinn 1,6 Millioune Produzenten an Aarbechter am fairen Handel beschäftegt, an 2016 huet de fairen Handel zu Lëtzebuerg 15 Milliounen Euro Ëmsaz gemaach. Et ass keng Nisch méi. D’Fair Trade Gemenge maachen dat awer och well si d’Ausbeutung vu Mënschen an Afrika, Asien a Latäinamerika net mat ëffentleche Gelder fërdere wëllen. Eng nohalteg Politik huet och ëmmer eng sozial Dimensioun. Et geet net just ëm d’Ëmwelt a Wirtschaft mee ganz konkret ëm Mënscherechter a méi Kohärenz.
 
 
Doduerch dass d’Gemengen nohalteg konsuméieren, sti si och fir méi Gerechtegkeet am Welthandel an. Global denken awer kommunal handelen handelen natierlech am duebele Sënn vum Wuert.
 
 
Wat muss eng Gemeng maache wann si sech well engagéieren?
 
Et ass fir d’éischt eng Fro vu Bewosstsinn an dann eng Decisioun fir sech konkret a noweislech ze engagéieren. Eng Zertifikatioun fir eng Fair Trade Gemeng fänkt mat engem Screening un: Wou sti mer? Wéi ass den Akaf an der Gemeng? Dee vun anere lokalen Acteuren?
 
Eng Gemeng muss 5 Critèren erfëllen an déi op alle Niveaue vun der Gemeng illustréieren. Vun enger Gemengerotsresolutioun bis zu Sensibiliséierungsaktiounen, fir méi Visibilitéit an aktiv Participatioun vun allen Bierger.
 
Wei ënnerstëtzt Fair Trade Lëtzebuerg d’Gemengen?
 
Mir ënnerstëtzen den Zertifikatiounsprozess an d’Aktivitéite vun de Gemenge mat Materialien, Berodung an Iddien. Dofir schafft eng Mataarbechterin exklusiv op dësem Programm. Déifferdeng war 2011 déi éischt Fair Trade Gemeng. Veianen ass elo grad déi 28. ginn an organiséiert elo eng Ausstellung mat bekannte Lëtzebuerger Kënschtler déi sech fir de gerechten Handel asetzen.
 
Lëtzebuerg ass um gudde Wee a mir wäerte weider mat de Gemenge Weeër fanne fir méi nohalteg a gerecht ze agéieren.
 
 
Méi Informatioun iwwert 25 Joer Fair Trade Letzebuerg op www.fairtrade.lu
 
Interview mam Véronique Faber, Cercle de Coopération

Lire sur le même sujet: