Global Léieren a lokal agéieren – Haut a muer

De Mouvement Écologique huet virun e puer Woche konkret Virschléi fir d’Gemengewalen 2017 publizéiert, an do sinn och e puer Ureegunge fir eng kommunal Nord-Süd Politik. Mir, als Representant vun den Acteuren aus der Entwécklungsaarbecht, bedaueren dass si eis net consultéiert hu fir dës Revendicatiounen, begréissen awer dass de Lien mat der Politikkohärenz a mat der internationaler Solidaritéit gemaach gëtt.
An dësem Artikel wëlle mir awer op de Virschlag agoen dass d’Gemenge „Global Léieren“ fërdere sollen, an dat net just an de Schoulen, mee och an Zesummenaarbecht mat den ONGen. D’ONGen an de Cercle sinn effektiv do scho laang aktiv an et gëtt och eng spezifesch finanziell Ënnerstëtzung vun der Regierung die Aktivitéiten an dësem Beräich zur Säit steet.
 
Firwat ass Global Léieren iwwerhaapt wichteg?
Global Léieren ass am Prinzip eng pädagogesch Äntwert op Defien a Froen, déi d’Globaliséierung mat sech bréngt – Ressourcen déi limitéiert sinn, de Klimawandel an alternativ Energien, nei Wirtschaftsmodeller, d’Securité alimentaire an eng gerecht Ëmverdeelung vun eisem materielle Wuelstand. Dat sinn alles Themen déi Erwuessener a besonnesch Jugendlecher beweegen, an déi global verankert sinn.
D’Globalt Léiere wëll nei Iwwerleeung- an Handlungsfäegkeeten entwéckelen. Besonnesch déi Jugendlech sollen doduerch d’Kompetenze kréien, déi mir haut, an och an Zukunft, an enger globale Gesellschaft brauchen, eng Gesellschaft wou mir musse wësse wéi mir eis kënnen orientéieren an och matgestalte wëllen. Dat ass duerchaus am Sënn vun der Rifkin-Etude, wou eng méi breet Basisdemokratie gefuerdert gëtt an nei Perspektive gebraucht ginn.
Nohalteg denken an handelen ass eng grouss Erausfuerderung un d’Politik an un eis Gesellschaft.
 
Wat sinn d’Ziler vum Globale Léieren?
Mam Globale Léiere soll een d’Zesummenhäng zwëschen eisem Liewensstil an de globalen ökologeschen, sozialen a wirtschaftleche Problemer besser verstoen, an Iddie kréie wéi mir an eisem Ëmfeld bewierken.
Doriwwer eraus léiert een och essentiell Kompetenze wéi zum Beispill Perspektivewiessel, Empathie, Responsabilitéit huelen a besser kommunizéieren.
Wéi die Aarbecht konkret ausgesäit a wat fir eng Aktivitéiten do organiséiert kennen ginn, kennt der an der Semaine de l’Education au Développement Durable – Connecting lives – eng Woch nohalteg (er)liewen“ matterliewwen, déi dëst Joer vum 15ten bis den 21ten Oktober stattfënnt. Méi Informatioun op http://connectinglives.cercle.lu
 
Rebecca Kirch, Responsable Sensibilisation et Education au Developpement (rebecca.kirch@cercle.lu) a Véronique Faber, Responsable Plaidoyer Politique

Lire sur le même sujet: