Fair Politics Gemengen.lu – Entwécklungspolitk: Eng Roll fir d’Gemengen?
D’Entwécklungspolitik an international Solidaritéit si wichteg Bestanddeeler vun der nationaler an der europäescher Politik, mee wéi steet et do mat de Gemengen? Wat fir eng Roll kënne si do iwwerhuelen?
Duerch den territoriale Mandat vun de Gemengen ass et net ëmmer evident wéi si sech kéinten an der Entwécklungspolitik engagéieren. Et ass dofir flott ze gesinn dass et awwer vill positiv Beispiller gëtt a vill Gemenge global Zesummenhäng adresséieren duerch hiren Engagement fir eng nohalteg Entwécklung.
Viru kuerzen ware Gemengerepräsentanten mat op eng Studierees an d’Amazonasgebitt vum Ecuador fir do méi iwwert den Zesummenhang vun der Klimapolitik an den Entwécklungslänner ze verstoen, virun allem wéi dat mat Mënscherechtsverletzungen kann zesummen hänken [1].
D’Rees war organiséiert vum Klimabündnis, deen aus 37 Gemenge besteet, déi sech all fir d’Promotioun vun der inklusiver nohalteger Entwécklung am Land asetzen – ganz konkret schaffe si drun den Zäregas-Emissiounen ëm 10% all 5 Joer ze reduzéieren an hir Bierger a Biergerinnen iwwert déi relevant Themen ze sensibiliséieren.
Den Lien zwëschen “Hei” an “Do” ze verstoen an duerch politesch Entscheedung ze geréieren, nennt ee Politikkohärenz fir d’Entwécklungsaarbecht, oder Policy coherence for development – PCD). Fir nohalteg ze wierke muss ee kucken op a wéi aner Politiken, wéi Handelspolitik zum Beispill, op Entwécklung awierken.
Ee Beispill vun enger Inkohärenz wier, zum Beispill, dass mer hei am Land alternativ Energien duerch Subsiden ënnerstëtzen awer a Kuel an Äerduelegindustrie an Entwécklungslänner investéieren duerch de Pensiounsfong.
Am Gros ass et fir ze evitéieren dass mer “mat enger Hand ginn, a mat där anerer erëmhuelen”
PCD ass mëttlerweil an der Nationalpolitik verankert. Si ass säit 2009 am Kooperatiounsgesetz an am Regierungsprogramm vun 2012-2018 festgehale ginn. E Comité interministérielle pour la coopération au développement (Cid) trëfft sech regelméisseg fir déi verschiddenen Dossieren op PCD ze duerchliichten.
En anert positv Beispill sinn d’Fair Trade Gemengen oder Gemengen déi regelméisseg bei Sensibiliséierungsaktiounen wéi http://letzsteptofairtrade.lu/ matmaachen, wou d’Leit doriwwer léiere kënnen wou hir Iesswueren hierkommen an wéi se produzéiert gi sinn.
Doriwwerhinaus ënnerstëtze vill Gemengen direkt oder duerch eng speziell kreéiert ASBL Projeten vun ONGD, déi am Süde schaffen, z.B. Stad Lëtzebuerg oder Monnerech Hëlleft a.s.b.l.
D’Gemenge sinn e wichtegen nationalen Acteur an hunn den Avantage vun der Proximitéit zu hire Bevëlkerungen. Dës Roll an der nationaler Entwécklungspolitik misst unerkannt a gefërdert ginn, sou dass et op lokalem Niveau zu enger besserer Kohärenz vun der Politik fir Kooperatiounsaarbecht kéim.
Véronique Faber, Mataarbechterin vum Cercle de la Coopération des ONGD, Letzebuerg, www.cercle.lu
[1] http://www.klimabuendnis.lu/studienreise-amazonien-2017/