Net genuch Schutz fir al Bausubstanz?

Viru kuerzem hunn zwou Hausdemolitiounen hei am Land fir vill Oprou gesuergt. Bei der enger handelt et sech em en 200 Joer alen Bauerenhaff zu Keespelt. Déi aaner Demolitioun, déi nach em läschte Moment gestoppt konnt ginn, betrëfft en deelweis iwwert 200 Joer alen Bauerenhaff zu Heinerscheid an der Gemeng Klierf.
 
Den 200 Joer alen Bauernhaff zu Keespelt stoung, éier en ofgerappt ginn ass, op der Lëscht vum “inventaire supplémentaire” deen vum “Services des sites et monuments nationaux” opgestallt gëllt. D´Gesetz gesäit vir, dass de Kulturminister 30 Deeg virum Aleeden vun den Demolitiounsaarbeschten bei engem Gebei dat am Inventaire steet, informéiert muss ginn. Dat ass am Fall Keespelt och passéiert an den Kulturminister Xavier Bettel huet de Besetzer an enger Correspondenz souguer matgedeelt, dass hien d’Ofrappen vun esou engem denkmalwürdegen Gebei net géiff genehmegen. Dësen Avis vum Kulturminister schéngt d’Besëtzer vum Gebei awer wéineg beandrockt ze hunn, well den Bauernhaff ass trotz allem ofgerappt ginn. D’Fro déi sech an deem Zesummenhang stellt an déi och vum LSAP Députéierten Franz Fayot an enger opgeworf ginn ass, ass op den Statut vum “inventaire supplémentaire” iwwerhaapt en Notzen huet, wann d’Gebeier déi drop stinn einfach esou ofgerappt kënne ginn. Den Jochen Zenthöfer, Vizepräsident vum “Sauvegarde du Patrimoine”, argumentéiert ähnlech andeems hien sech freet op déi ronn 700 Gebeier déi vum Inventaire erfaasst gi sinn, iwwerhaapt nach geschützt sinn. Fir deenen Heiser e bëssere Schutz ze garantéieren plädéiert den Jochen Zenthöfer dofier den “inventaire supplémentaire” ofzeschafen an all den Heiser den Statut vum “Monument national” ze ginn.
Am Fall vun Heinerscheid, handelt et sech em zwee Gebeier déi an de Joeren 1792 and 1852 gebaut gi sinn an déi de Besetzer mat Genehmegung vunn der Gemeng ofrappen loosse wollt fir Neibauten op dem Terrain ze erriichten. Dës Ëntscheedung huet awer esou héich Wëllen vun Entsetzen duerch d’Land geschloen, dass den Kulturministère a läschter Minute d’Prozedur ageleet huet fir déi zwee Gebeier ënnert Denkmalschutz ze setzen. Mee den Schutz vunn deenen zwee Heiser riskéiert vunn nëmmen kuerzer Dauer ze sinn, well den Entrepreneur deen den Terrain mat den zwee Heiser kaf huet fir en neit Familijenhaus drop ze eriichten huet schon juristesch Mosnahmen ergraf fir dem Kulturministère seng Entscheedung d’Heiser ënner Denkmalschutz ze setzen unzefechten. Den Entrepreneur kéint och gutt Chancen hunn en eventuellen Prozess ze gewannen well d’Heiser bis viru kuerzem net ënner Denkmalschutz stungen an den Buergemeeschter schonn säin Accord fir d’Demolitioun ginn hat. D’Schicksal vunn deenen zwee historesche Gebeier bleiwt dofier bis op weideres ongewëss.
Och wann d’Affär zu Keespelt keen gutt Enn geholl huet an déi zu Heinerscheid riskéiert en ähnlech Ausgang ze hunn, sou hunn se awer d’Bevölkerung an d’Politik opgemescht an souwuel d’Problematik wéi och d’Wichtegkeet vum Bauteschutz herviergehuewen. Ausserdem,  hunn dës zwou Affären et däitlech gemaach, dass de Bauteschutz zu Lëtzebuerg nach duerchaus ausbaufäheg ass.    Christiane Zeimet 

Lire sur le même sujet: